Deklinatioun (Astronomie)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D’Deklinatioun gëtt an der Astronomie als eng Koordinat bei de Positiounsdonneeën vun Himmelsobjeten verwendt. Si entsprëcht der Projektioun vum Breetekrees vun der Äerd op eng (imaginär) Himmelskugel. D’Deklinatioun gëtt soumat de Wénkelofstand vun engem Objet vum Himmelsäquator un. Werter déi nërdlech vum Äquator sinn positiv, Werter südlech dovun sinn negativ. Als Symbol gëtt an der Astronomie de Buschtaf δ benotzt.
D’Deklinatioun hängt eng mat der astronomeschen Héicht zesummen, ass awer onofhängeg vun der Observatiounsplaz an -zäitpunkt. Um Nordpol ass d’Deklinatioun mat der maximaler Héicht identesch.
[Änneren] Kuckt och
• Rektaszensioun, • Summersonnewend, • Wantersonnewend