Schlass La Grange
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dëse Architektursartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
D'Schlass La Grange steet zu Manom am Departement Moselle,
[Änneren] Geschicht
Vum Mëttelalter bis zum Enn vum 17. Joerhonnert stoung hei schonns e Schlass, dat ursprénglech den Hären De Lagrange (Scheuren/Scura) hire Sëtz war. 1700 gouf et verkaf. Den neie Proprietaire huet 1731 en neit Gebai opriichte gelooss, dat, wat haut nach do steet. D'Pläng ware vum Robert de Cotte. 1750 huet de Marquiss de Fouquet et opkaf, et ass bis haut am Besëtz vu senger Famill.
D'Schlass La Grange zielt zu deene schéinste loutréngesche Schlässer aus dem 18. Joerhonnert.
D'Famill de Selancy déi haut am Besëtz vum Schlass ass war och ganz staark mat der lëtzebuergescher Sidérurgie verbonnen. Si hate Propriétéiten zu Diddeleng, ënner anerem huet hinnen een Haff do gehéiert deen si der Gemeng verkaaft hu fir datt op deeër Plaz dat häitegt Gemengenhaus konnt opgeriicht ginn. Eng Parti vum Gehaansbierg gehéiert och der Famill de Sélancy - de Bertier.