Schockelasbotter
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Schockelasbotter ass eng bei Zëmmertemperatur viskös Crème, déi haaptsächlech aus Zocker, (Hiesel-)Nëss, Ueleg a Kakao besteet, an déi geduecht ass, op enger Schmier giess ze ginn.
[Änneren] Den Numm
Wat opfält: Grouss Weltsproochen hu keen Numm fir dat Schockelasgebees,z. B. op Däitsch, Franséisch oder Englesch.
Déi bekannste Mark ass Nutella vun der Firma Ferrero, mee et gi selbstverständlech nach e ganze Koup anerer.
Nutella ass den 20. Abrëll 1964 zu Alba, am Piemont, eng éischte Kéier produzéiert ginn. Virdrun hat Ferrero mat anere Rezepturen experimentéiert, déi "Giandujot" a "Supercrema" houschen. Ferrero huet mat sengem Schockelasbotter en Ëmsaz vun duerchschnëttlech 640 Milliounen Euro am Joer, dat si 15 Prozent vun hirem ganze Chiffre d'affaires.
100 g Schockelasbotter hu 529 kcal / 2213 kj.