Short Message Service
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
SMS (Méizuel: SMSen) steet fir Short Message Service an ass eng Textnoricht, déi iwwer Handy geschéckt gëtt.
Aner Wierder dofir si Sums oder Sims. Als Verben an deem Zesummenhank hu mer eng SMS schécken, sumsen a simsen.
Déi éischt short message vum Short Message Service (SMS) gouf am Dezember 1992 vun engem Computer un e GSM am briteschen Vodafone-Netz geschéckt. Also ongeféier e Joër no der Anféierung vum GSM-Standard fir Handyen an Europa (1991).
Zënter 1997 ginn och SMS-Noriichten iwwer Internet verschéckt.
Weiderentwécklung vun der SMS existéiren ënner dem Numm Enhanced Message Service (EMS) an Multimedia Messaging Service (MMS).
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Opbau vun der SMS
Eng SMS besteet aus zwéin Deeler:
- Header
- (engl. fir "Kapp") Am SMS-Header sin verschiden Informatiounen vun der SMS ungin, zum Beispill Ofsendernummer, Codéirung (7 Bit, 8 Bit, 16 Bit), Zeechensaz (zum Beispill ISO 8859-1 fir Latäinech, ISO 8859-6 fir Arabesch, etc.), Gültegkeet vun der Noriicht, Empfängernummer etc.
- Body
- (engl. fir "Kierper") Hien as den "Inhalt" vun der SMS, deen den Text enthält, deen iwerdroen an um Display ugewisen gëtt. Déi maximal Gréisst vun engem Body as op 1.120 Bit (= 160 Zeeche fir Text SMSen) begrenzt, mee et gëtt och d'Méiglechkeet, méi SMSen mateneen ze verbannen (concatenated SMS / EMS).
[Änneren] Kodéirung
Haaptartikel SMS-Kodéirung
Et ginn insgesamt drei verschidden Aarte vun SMS-Kodéierung:
- 7 Bit
- Fir Test-SMS mat latäinesche Buschtawen a grousse griichesche Buschtawen
- 8 Bit
- Fir Daten-SMS (binär SMS), wei z.B Handylogoen
- 16 Bit
- Unicode (UCS2), d. h. auf BMP beschränktes UTF-16
[Änneren] Literatur
[Änneren] Däitsch Bicher
- Bo Hanus, Schalten, Steuern und Überwachen mit dem Handy, ISBN 3772356656
- Bernd VomBerg, Jürgen Engelmann, Peter Groppe, Fernsteuern via SMS, ISBN 3895761265
[Änneren] Franséisch Bicher
- Jacques Anis, Parlez-vous texto ? Guide des nouveaux langages du réseau, éd. Le Cherche-Midi, 2001.