Sonata Arctica
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Bei Sonata Arctica handelt et sech ëm eng finnesch Power Metal/Melodic Speed MetalBand aus der klenger Stad Kemi.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] D'Musek
Déi (ofgesi vun de wonnerschéinen Balladen) séier Lidder ginn deelweis vu ganz melodeschen a sphäresche Keyboards dominéiert, wat dohier kënnt, datt hire Frontman an (villsäitegen) Sänger Tony Kakko ursprénglech deen eenzege Keyboarder vun der Band war, doranner awer entre-temps vum Henrik KlingenBerg ofgeléist gouf. Déi méistëmmeg Keyboards brénge besonnesch op de Live-Shows e besonnesche Sound. Genausou typesch fir dës Band sinn déi extrem séier Guitar-Soloen am typesche Power Metal Stil wéi en zum Beispill den Timo Tollki vu Stratovarius geprägt huet, bei deem pro Riff ëmmer nëmmen eng Säit ugeschloe gëtt, woubäi 5-8 Riffs pro Sekonn ganz normal sinn.
[Änneren] Geschicht
D'Band gouf 1996 ënnert dem Numm Tricky Beans gegrënnt, huet deen Numm awer 1997 an Tricky Means ëmgeännert. Anscheinend hu si am Ufank Musek gemaach dei näicht mat Metal ze dinn hat.
Vun 1999 un hunn Tricky Means dann domat ugefaangen, Power Metal ze produzéiren a kruten e Kontrakt bei der Plattefirma Spinefarm Records. Doropshinn hu si hiren Numm nach eng Kéier ëmgeännert, dës Kéier a Sonata Arctica.
Am selwechte Joer koum hiren éischten Album eraus: Ecliptica. Hire Frontman Tony Kakko, dee bis heihinner Keyboard gespillt a gesongen huet, huet beschloss sech lo primär op de Gesank ze konzentréiren. Als Remplacant koum de Mikko Harkin dabei. Wéineg spéider huet den deemolege Bassist d'Band verlooss a gouf duerch de Marko Paasikosi ersat.
2001 koum dunn hiren Album Silence eraus, dee vu ville Fans als hiert bescht Wierk ugesi gëtt. Aus Opnamen aus der Japan-Tournée as 2002 de Live-Album Songs of Silence - Live in Tokyo entstanen, deen d'Live Versioune vun de Lidder aus Silence enthält.
Spéider huet de Mikko Harkin d'Grupp verlooss a gouf duerch den Henrik Klingenberg ersat. E Joer drop as hiren drëtten Album Winterhearts Guild erauskomm, am September 2004 dee véierten, dee sech Reckoning Night nennt an deen als hiren experimentellsten an erwuessensten Album dominéire kann.
[Änneren] Diskographie
[Änneren] Alben
[Änneren] Singles
- UnOpened (1999)
- Wolf & Raven (2001)
- Last Drop Falls (2001)
- Victoria's Secret (2003)
- Broken (2003)
- Don't Say A Word (2004)
[Änneren] Mini-CDs
- Successor (2000)
- Orientation (2001)
- Takatalvi (2003)
[Änneren] D'Band
[Änneren] Memberen
- Tony Kakko, Gesank
- Jani Liimatainen, Guittar
- Tommy Portimo, Batterie
- Marko Paasikoski, Bass
- Henrik Klingenberg, Keyboard
[Änneren] Ex-Memberen
- Mikko Harkin, Keyboard
- Janne Kivilahti, Bass
[Änneren] Weblink
Commons: Sonata Arctica – Biller, Videoen oder Audiodateien |