Stephans Quintett
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D’Stephans Quintett ass eng Grupp vu 5 Galaxien am Stärebild Pegasus, déi 1876 vum franséichen Astronom Edouard Jean-Marie Stephan entdeckt goufen.
D’Galaxiegrupp besteet aus de Galaxien NGC 7317, NGC 7318A, NGC 7318B, NGC 7319 an NGC 7320.
D’Galaxien NGC 7317 bis NGC 7319 maachen e räimlech engt, wiesselwierkend System op enger Distanz vu ronn 300 Millioune Liichtjoer. Opgrond vun der géigesäiteger Gravitatiounswierkung sinn d’Spiraläerm vun de Galaxien onregelméisseg verformt.
Den NGC 7320 gouf ufanks vum Stephan zum Stephans Quintett gezielt. Hei handelt et sech awer opgrond vun der däitlech niddreger Routverrécklung (~ 800 km/s géigeniwwer ~ 6500-7000 km/s bei den anere Galaxien) ëm eng Galaxis, déi méi no läit, nämlech 35 Millioune Liichtjoer.
Dofir gëtt awer haut den NGC 7320C zum Quintett gezielt, sou datt et weider 5 Galaxien sinn.
D’Galaxien vum Stephans Quintett hunn eng Hellegkeet vu ronn 13 mag.
[Änneren] Literatur
- Xu, C. Kevin: Stephan's Quintet: A Multi-galaxy Collision (PDF) - Zusammenfassung des Wissenstandes über Stephans Quintett, Stand Dezember 2005
[Änneren] Um Spaweck
- (de) Intergalaktische Schockwelle in Stephans Quintett (uni-bonn.de u. a.)
- (de) astronews: Ein detaillierter Blick auf Stephans Quintett
- (de) spektrumdirekt: Zu nah an der roten Laterne
- (de) extrasolarplanets: Galaktische Schlangenmenschen aufgenommen vom Gemini Observatorium
- (en) NOAO
- (en) Spitzer Space Telescope
- (en) Hubble Space Telescope
- (en) NASA/IPAC EXTRAGALACTIC DATABASE