New General Catalogue
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den NGC-Katalog, New General Catalogue (NGC), de kompletten Titel ass: New General Catalogue of Nebulae and Clusters of Stars, ass e Katalog vu galakteschen Niwwelen, Stärekéip a Galaxien.
[Änneren] De Katalog
Den NGC gouf an de 1880er Joeren zesummegestallt an 1888 vum Johan Ludvig Emil Dreyer verëffentlecht; virun allem duerch Observatiounen vum Wilhelm Herschel. An de Joeren 1895 an 1908 gouf hien vergréissert mat zwee Index-Katalogen.
Den NGC huet ca. 8.000 Objete nummeréiert, dorënner och déi meeschten aus dem Messier-Katalog. Den Ënnerscheed zum Messier-Katalog ass datt d’Objkte vum NGC-Katalog no Rektaszensioun opgestallt sinn. Opgrond vun der groussen Unzuel huet hien och e puer kleng Feeler, sou sinn z. B. e puer Objete méi dachs mat verschidden Katalognummeren enthalen oder an engem vun den Index-Kataloge nach eng Kéier opgeholl. Eng nei Versioun vum NGC ass den RNGC. A stänneger Observatioun gëtt de Katalog vum NGC/IC-Projet (kuckt och am Spaweck) verfeinert. Richteg Nofolger vun dësem Katalog an Zusummenhang mat senger Index-Katalog-Vergréisserung gëtt et nët.
Den NGC gëtt ganz gäeren vun den Amateurastronomen gebraucht, well hien vill Objeke gelëscht huet, déi och mat Amateurteleskopen ze observéieren sinn.
[Änneren] Kuckt och
- NGC-Objete vun 1 - 2000
- NGC-Objete vun 2001 - 4000
- NGC-Objete vu 4001 - 6000
- NGC-Objete vu 6001 - 8000
[Änneren] Um Spaweck
Commons: NGC Objekte – Biller, Videoen oder Audiodateien |