Stollen (Gebäck)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Stollen ass e Gebäck dat besonnesch fir d'Chrëschtzäit vill gebak gëtt. Seng Originne sinn a Sachsen an der Géigend vun Dresden. An Däitschland ass d'Bezeechnung Dresdner Stollen, e protegéierte Label fir Stollen déi an der Géigend vun Dresden gebak ginn.
E Stollen ass e Kuch deen aus schwéirem Hiefdeeg gebak gëtt. Et ass en zimlecht fettegt Gebäck, je no Rezept variéiert de Bottergehalt tëscht 14 a 16 %, an 30 % si Rosengercher (wa méiglech Sultaninen a Korinthe gemëscht). Et kënnen och Mandele bäigemëscht ginn an et gëtt Stollen an deenen nëmme Mandele sinn. Et ass wichteg datt de Stollen mat Botter gemaach gëtt.