New Immissions/Updates:
boundless - educate - edutalab - empatico - es-ebooks - es16 - fr16 - fsfiles - hesperian - solidaria - wikipediaforschools
- wikipediaforschoolses - wikipediaforschoolsfr - wikipediaforschoolspt - worldmap -

See also: Liber Liber - Libro Parlato - Liber Musica  - Manuzio -  Liber Liber ISO Files - Alphabetical Order - Multivolume ZIP Complete Archive - PDF Files - OGG Music Files -

PROJECT GUTENBERG HTML: Volume I - Volume II - Volume III - Volume IV - Volume V - Volume VI - Volume VII - Volume VIII - Volume IX

Ascolta ""Volevo solo fare un audiolibro"" su Spreaker.
CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Meuse-Musel-Kanal - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Meuse-Musel-Kanal

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Kanal bei Bernistap
Kanal bei Bernistap

[Änneren] Allgemenges

De Meuse-Musel-Kanal oder Ourthe-Kanal (fr: Canal de Meuse et Moselle oder Canal de l'Ourthe) war e Projet, deen 1827 drop an dru war, realiséiert ze ginn, an deen doranner bestoung, e schëffbare Kanal tëscht der Meuse an der Musel, queesch duerch d'Ardennen, ze bauen. En hätt haaptsächlech sollen iwwer d'Flëss Ourthe, Wolz (Klierf) a Sauer goen. Déi Belsch Revolutioun an d'Opkomme vun der Eisebunn hunn de Projet zum Echec bruecht.

[Änneren] D'Pläng

De Plang geet op d'Bestriewunge vum Wëllem I. vun Holland zeréck, déi ekonomesch benodeelegt Regiounen vu sengem Kinnekräich z'ëntwéckelen. Lëtzebuerg, dat vun Holland aus gekuckt "den Honn hanne" louch, huet dozou gezielt. Eng wichteg Roll hunn dobäi den Ausbau vu Waasserstroosse gespillt.

Den Ingenieur Remy De Puydt, dee grad d'Sambre kanaliséiert hat, huet de Projet vum Meuse-Musel-Kanal dem Kinnek virgestallt. Finanzéiert hätt e solle vun der Société générale ginn.

Déi éischt Reaktiounen op de Projet waren awer negativ: et huet zevill geckeg geklongen, e Parcours vun 300 km, tëscht Léck a Waasserbëlleg, queesch duerch d'Ardennen, ze bauen. Och wann d'Société générale kal Féiss kritt hat, sou hun dach 5 vun hire Sozietären d' Société du Luxembourg gegrënnt, fir de Projet duerchzezéien. Duerch eng Souscriptioun huet se mat Krämpes déi néideg 10 Millioune Gulden zesummekritt, allerdéngs eréischt, wéi de Kinnek Wëllem déi allermeeschten Aktien (500 Stéck) selwer kaf hat; um Marché ware just eng 120 Aktie verkaf ginn.

D'Société du Luxembourg huet am Juli 1827 vum Hollännesche Staat fir ëmmer d'Konzessioun kritt, de Kanal z'exploitéieren, allerdéngs ënnert der Bedingung, dass en a 5 Joer sollt fäerdech sinn. Kuerz drop gungen d'Aarbechten un.

De Projet ass awer kuerz duerno durch d'belsch Revolution gestoppt ginn, an eréischt e puer Joer duerno ass eng Partie vum Kanal bis op Comblain-au Pont gebaut ginn.

17 Schleisen si gebaut ginn, en etlecher bestinn nach haut, anerer sinn zougetippt ginn oder aafgerappt ginn, eng grouss Partie vum Kanal ass och zougetippt ginn nom Zweete Weltkrich an et si Stroossen drop gebaut ginn (z.b. zu Hony an zu Esneux) Eng Schleis fontionnéert haut nach an zwar d'Schléiss N°1 zu Angleur, do wou de Kanal an d'Meuse leeft.

[Änneren] Den Tracée

Vun Angleur bei Léck aus sollt de Kanal dem Laf vun der Ourthe no goen, laangscht Durbuy, La Roche an Houffalize. Tëscht Hony an Esneux war eng Ofkierzung durch en Tunnel virgesinn.

Den Tracée huet virgesinn, 684 Meter Héichtenënnerscheed z'iwwerwannen: 379 op der Säit vun der Meuse an 305 op der Säit vun der Musel. 205 Schleise sollten dofir gebaut ginn, dozou Verstäerkunge vun den Uwenner, d'Baue vu Stauwierker (fir e gläichméissegen Debit ze garantéieren) an d'Uleeë vun Treidelpied. D'Pièce-maîtresse sollt en 2,5 km laangen Tunnel sinn, deen ënnert deem héchste Punkt ze gruewe war, ënnert der Waasserscheed - an der haideger Grenz tëscht der Belsch a Lëtzebuerg - erduerch, tëscht Bernistap (bei Tavigny) an Houfelt.

Op der Houfelter Säit sollt de Kanal dann duerch e puer Baachen, dorënner d'Emeschbaach an d'Trëtterbaach, bis an d'Wolz/Klierf goen, dann dës erof bis op Kautebaach, a vun do d'Wolz an d'Sauer erof bis duer, wou déi an d'Musel leeft.

[Änneren] Den Tunnel

Tunnel bei Bernistap
Tunnel bei Bernistap

D'Aarbechten um Tunnel bei Bernistap hunn dann och ugefaangen; fir d'éischt si Schächt gegruewe ginn, fir den Ënnergrond ze sondéieren, dunn ass vun der Westsäit aus den Tunnel an Ugrëff geholl ginn: 3 m breet a 4 m héich. Ongeféier 1 Meter sinn d'Aarbechten am Dag virukomm; vill Kanner aus der Ëmgéigend hunn do um Schantge geschafft, fir d'Gestengs erauszedroen.

Wéi d'Belsch Revolutioun ausgebrach ass, an och an de Méint duerno, sinn d'Aarbechten um Tunnel virugaangen, och, wéi den De Puydt 1830 als Lieutenant-colonel an déi nei gegrënnte belsch Arméi op Mons ofcommandéiert gouf.

Mee 1831, wéi d'Situatioun vum Status vu Lëtzebuerg alles anescht wéi kloer war, waren d'Actionnairë vun der Société du Luxembourg dunn net méi bereet, hir Sue fräizeginn; d'Aarbechte hunn, nodeems 1130 Meter Tunnel gebaut gi war, stall gehalen. Wéi 1839 d'Grenz tëscht der Belsch a Lëtzebuerg fir zerguttst festgeluecht war, ass de Projet definitiv fale gelooss ginn.

8 Joer drop sinn d'Kanalisatiounsaarbechten awer nees op geholl ginn, allerdéngs just am Ënnerlaf vun der Ourthe bis op La Roche. 1847 krut deen Deel dann och den Numm Ourthe-Kanal.

D'Terrainën, déi expropriéiert gi waren, goufen nees verkaf, d'Société du Luxembourg opgeléist an de Schantgen der Natur iwwerlooss.

Zu Lëtzebuerg ass als Zeie vun deem Projet haut nach den Haufelter Kanal ze gesinn, deen duerch d'Waasser vun de Kalburen gespeist gëtt, an deen do ugeluecht gi war, wou den Tunnel erëm un d'Dagesluucht hätt solle kommen.

[Änneren] D'Schleisen der Rei no

[Änneren] N° 1 Angleur

Dëst ass die éischt Schleis ongeféier 50 Meter vun der Meuse ewech. Hei fänkt de Kanal un a si steet duerfir um p.k. 0,00. Si gouf 1847 an Déngscht gestallt, gouf 1944 am Krich zerstéiert an 1945 erëm opgebaut.

[Änneren] N° 2 Chênée

Ass um p.k. 1,53; Gebaut 1847, huet se nach bis an d'Fofzegerjore funktionéiert.

[Änneren] N° 3 Streupas

Ass um p.k. 3,77; d'Schleis ass afgerappt awer duerch e Wier ersat fir datt de Floss am Summer net soll dréchelafen.

[Änneren] N° 4 Sauheid

Ass um p.k. 4,59; d'Schleisekummer ass nach do, d'Paarte feelen an d'Waasser gëtt mat Madrillen bis op e gewëssen Nivo gestaut.

[Änneren] N° 5 Colonster

Ass um p.k. 6,03; d'Schleis ass durch en automatescht beweglecht Wier ersat ginn

[Änneren] N° 6 Sainval

Ass um p.k. 7,83; de Schleisekanal no uewen ass zougetippt an et gëtt eng Strooss driwer bis bei d'Schwemm vun Tilff

[Änneren] N° 7 Tilff

Ass um p.k. 8,88; hei ass d'Schleiss och zougetippt, d'Haus vum Schleisewiechter steet nach do an um um Kapp vun der Schleiss besteet nach den ënneschten Däich dee schif zum Schleisekanal gebaut war; 500 Meter méh wäit ass den Däich deen am Bett vun der Ourthe gebaut war an och elo nach gutt an der Rei ass.

[Änneren] N° 8 St.Anne

Ass um p.k. 11,86.

[Änneren] N° 9 Mery

Vu Mery bis op Hony ass de Kanal zougetippt an et geet eng Strooss driwwer.

[Änneren] N°10 Hony

Vun Hony u sinn d'Schëffer e klengt Stéck op der Ourthe gefuer bis virun d'Schleis N° 11. Vun hei un ass och erëm alles zougetippt.

Den Treidelpad ass och hei op di riets Säit gewiesselt sou dass d'Päerd déi d'Schëffer gezunn hu mat enger Fähr hu missten vun enger Säit op déi aner gefouert ginn.

Am Haus vum Schleisewiechter ass haut en Zeitungsbuttek

[Änneren] N°11 La Roche au Faucon

D'Schleisewiechterhaischen steet nach do an ass och bewunnt, d'Schleiss ass zougetippt, awer et gesäit een nach gutt wou se war.

[Änneren] N°12 Devant Rosières

D'selwecht wéi N° 11.

[Änneren] N°13 Esneux

Hei ass vum Kapp vum ënneschte Schleisekanal bei Lavaux alles zougetippt bis hanner d'Schleis vun Evieux.

D'Schleis vun Esneux ass eréischt nom Krich afgerappt an zougetippt ginn. Do wou d'Schleis war ass haut eng Parkplaz an eng Strooss virun der Gare vun Esneux. Am Krich war e Camion mat US-amerikaneschen Zaldoten dragetrollt a si sinn all erdronk.

[Änneren] N°14 Evieux

Vun Esneux un huet de Kanal schonns vun 1917 un net méi fonctionnéiert. En ass zougetippt an et geet eng Strooss driwwer.

Et gesäit een nach just den ieweschte Kapp vum Schleisekanal bei La Gombe an d'Haische vum Schleisewiechter steet nach an ass och bewunnt.

[Änneren] N°15 Poulseur

Schleis vun Poulseur
Schleis vun Poulseur

Bis Poulseur sinn d'Schëffer erëm iwwer d'Ourthe gefuer, den ënneschte Schleisekanal ongeféier 300 Meter virun der Schleis ass nach do, d'Schleis besteet och nach, awer et si keng Paarten dran an de Waassernivo gëtt duerch Madrille stabil gehal. Am Schleisenwiechterhaischen wunnt elo de Fierschter.

[Änneren] N°16 Embierir (Chanxe)

[Änneren] N°17 Douxflamme (Comblain)

Hei gesäit een och nach dem Wiechter säin Haus.



[Änneren] Linken

[Änneren] Kuckt och

[Änneren] Um Spaweck

Aner Sproochen

Static Wikipedia (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2007 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2006 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu

Static Wikipedia February 2008 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu