Terroruschléi vum 11. September 2001 an den USA
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Am fréie Virmëtteg (lokal Zäit) vum 11. September 2001 huet eng Grupp islamistesch Selbstmordattentäter, déi d’ Terrornetzwierk Al-Qaida ausgebilt an beoptragt hat, déi bis haut schwéierst a schlëmmsten Terroruschléi an der Geschicht vun den USA verbrach. Si hunn tëscht 8:10 Auer an 9:30 Auer véier Verkéiersfligeren op Flich am Land selwer entfouert, hunn der zwee dovun an d’Tierm vum World Trade Center (WTC) zu New York City an een an de Pentagon zu Arlington, Virginia gesteiert. E weidere Fliger mat onbekanntem Attentatszil gouf duerch Kämpf tëscht de Passagéier an den Entféierer an der Géigend vu Pittsburgh, Pennsylvania zum Ofstuerz bruecht.
Duerch d'Opschloe vum Fliger an d'Feier, dat doduerch ausgeléist gouf, sinn d’Säitefronte vum Pentagonsgebai zerstéiert ginn. Béid Tierm vum WTC sinn eng bis zwou Stonne no der Kollisioun, wéinst den duerch Kerosinbränn an hirer Struktur geschwächte Stolstäipen a sech zesummegstierzt. Fënnef weider Gebaier vum WTC, dorënner d’Nopeschgebai WTC 7 goufen duerch d’Schied an d’Feier matzerstéiert, doniewend och véier Metrostatiounen. 23 weider Gebaier, déi ronderëm de WTC stoungen, goufen zum Deel esou schwéier beschiedegt, dass se méi spéit mat ofgerappt hu misse ginn.
Bei den Uschléi sinn am Ganzen ongeféier 3.000 Mënsche gestuerwen: 266 Passagéier an de Fligeren, ca. 2.600 Mënschen am WTC, an 125 Persounen am Pentagon.
D’Uschléi ginn an den USA mam Kierzel 9/11 (nine-eleven) bezeechent, den déi amerikanesch Schreifweis vum Datum an zugläich och déi landeswäit Noutruffnummer bedeit.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Oflaf
Dat éischt Unzeeche vun den Entféierunge war d’Opfale vum Transpondersignal vun American Airlines Fluch 11 um 8:20 Auer lokal Zäit (12:20 40 UTC). Kuerz Zäit méi spéit gouf duerch en Uruff vun der Stewardess Madeline Amy Sweeney bei der Buedemkontroll confirméiert, dass et sech ëm eng Entféierung handelt. Spéider Ermëttlungen hunn erginn, datt d’Entféierung géint 8:15 Auer geschitt wor, wéi och de United Airlines Fluch 175 ofgehuewen huet.
Géint 8:38 Auer gouf NORAD, d’zentral Plaz fir Loftverdeedegung, iwwer d’Virfäll informéiert, verbonne mat enger Demande fir d’visuell Iwerpréifung vum Fluch 11 duerch Militärfligeren. Ëm 8:45, ongeféier zur selwechter Zäit, zu där och de Fluch 175 vun de United Airlines entfouert gouf, sin zwéin F-15 gestart. Déi ofgeschalten Transponderen hunn d’Fluchlotsen awer dru gehënnert, hire Piloten direkt d’Positioun vum Fluch 11 matzedeelen.
Um 08:46 lokal Zäit (12:46:40 UTC) ass dunn de Fluch 11 vun American Airlines an de Nordtuerm vum World Trade Center geflunn. Zu dësem Zäitpunkt ass ee nach vun engem Accident ausgaangen. Am Südtuerm goufen d’Mënschen iwwer Lautsprecher opgefuedert, sech ze berouegen an op hirer Aarbechtsplaz ze bleiwen. 17 Minutte méi spéit, um 9:03 Auer (13:03 UTC) ass deen zweete Fliger (United Airlines Fluch 175) an de Südtuerm vum WTC geknuppt.
Domadder gouf den Autoritéiten kloer, dass et sech net ëm en Accident, mee en gezilten Ugrëff handelt. Doropshi goufe no an no all Zivilflich an den USA agestallt, an Militärjeten gestart, fir New York ze schützen.
American Airlines Fluch 77 war tëschend 8:50 an 9:00 Auer entfouert gin. Um 9:37 lokal Zäit ass den Jet dunn an de Pentagon geflunn, an huet en Tunnel duerch d’Gebai geschloen. D’Schied an dat nofolgend Feier hun dunn géint 10:10 Auer den Astuerz vun de beschiedegten Deeler an Ofschnëtter bewiirkt.
Als Reaktioun op dëse weideren Ugrëff goufe géint 9:45 all Fligeren opgefuedert, dee nächst méigleche Fluchhafen unzesteieren. Zu dësem Zäitpunkt war dee véierte Fliger, United Airlines Fluch 93, allerdéngs schonn an der Gewalt vun den Entféierer. Als säin Uschlagsziel gin d’Wäisst Haus, de Kapitol zu Washington oder de Landsëtz vum US-Präsident zu Camp David ugeholl. Um 10:03 Auer ass dëse leschte Fliger dun als Folleg vun engem Kampf tëscht den Entféierer an de Geiselen u Bord an der Géigend vu Pittsburgh erofgefall. Entgéint éischte Rapport’en hun d’Entféierer, an net d’Geiselen de Fliger zum Ofstuerz bruecht.
Mat zesumme ronn 90 Kubikmeter Dreiwstoff hun déi Jets déi an de WTC geflunn sin, wéi grouss Brandbomme gewierkt. De Südtuerm ass no 56 Minutten um 9:59 Auer, de Nordtuerm no 102 Minutten um 10:28 Auer komplett a sech zesummegefall. Knapp dräidausend Mënschen, dorënner 343 Pompjeeën, hu sech nach an den Tierm opgehalen, a si beim Astuerz gestuerwen. Dosende Leit ware schonn aus den ueweren Stäck an den Doud gesprong, well hinen all Fluchtweeër ofgeschnidde waren a se gedréiht hun am Feier ze verbrennen. Um 17:20 Auer ass d’Gebai WTC 7 no Schied a Bränn a sech zesummegefall.
[Änneren] Täter an Drootzéier
D’Passagéierlëschte vun den entfouerte Fligeren hu séier kloer gemaach, datt et sech bei den Täter ëm Islamiste gehandelt huet. Verëffentlecht goufen awer, bzw. bei CNN, nëmme getrennten Affer- an Täterlëschte, déi de jeweilege Flich zougeuerdent goufen. Als Drootzéier gouf kuerz no den Uschléi de Chef vum Terrornetzwierk al-Qaida Osama Bin Laden ugeholl a benannt.
Dësen huet sech zunächst net ëffentlech zu den Uschléi bekannt, an huet esou guer an engem Interview all Relatioun ofgestridden. Eréischt am Verlaf vum Afghanistankrich gouf en ëmstriddent Videoband entdeckt, an deem hie mat féierende Membere vu senger Grupp iwwert d’Pläng vun den Uschléi geschwat huet. A weideren Erklärungen an Videobotschaften huet hie sech dunn zu senger Féierungsroll bekannt, zulescht e puer Deeg virun den US-Präsidentschafts Wahlen am November 2004, wou den George W. Bush a sengem Amt confirméiert an erëm gewielt gouf.
D’Terrorgrupp Al-Qaida huet sech zënter ongeféier 1991 – dem Zweete Golfkrich vun den USA géint den Irak an der uschléissender Stationéierung vun US-Militär an Saudi-Arabien – op de Kampf géint „de Westen“ a seng Wäerter orientéiert. Si gesinn d’USA als de „grousse Satan“, deen de „klenge Satan“ (de Staat Israel) deckt, fir d’islamesch Natioun ze ënnerdrécken, ze spalten, hir Räichtumer auszebeuten a sinn un hirer Eenegung an Ausbreedung vum Islam ze hënneren. Si gesinn de Westen vun „Ongleewegen“ a „Kräizligener“ (Judden a Chrëschten) beherrscht. Doraus leeden se d’Recht zum wahllosen Doudmaache vun Zivilisten a Bierger verschiddenster Natiounen of, dorënner och Muslimen an den USA.
D’Al-Qaida steet ideologesch enger fundamentalistescher Variant vun de Wahabiten no, denen hir Heemecht Saudi-Arabien ass. Si gesinn d’USA als Ursprong vun enger angeblecher „jiddescher Weltverschwierung“, déi se mat dem Zionismus an dem Staat Israel gläichsetzen. De WTC huet hinnen als Symbol vun enger geballter Finanzmuecht vun de Judde gegollen, déi besonnesch d’Finanzmäert vun der Welt steieren a skrupellos fir hir Herrschaftsofsiichte benotzen.
D’Organisatioun huet zënter ongeféier 1990 eng onbekannten Zuel vun Fräiwëllegen als méiglech Attentäter ausgebilt. Si huet keng straff zentral Féierung. Hir Unhänger bilde kleng Gruppe, déi jorelaang kulturell ugepasst a verschiddene Länner als „Schléifer“ liewen an dann och op eegen Initiativ hin aktiv ginn. E puer vun den Attentäter vum 11. September 2001, dorënner hiren Uféierer Mohammed Atta, hu virdrun als Studenten zu Hamburg an Däitschland gelieft. Do goufen dunn och d’Uschléi op de WTC an de Pentagon geplangt. No hirer Arees an d’USA hu se do eng verkierzte Pilotenausbildung absolvéiert. Si waren dem FBI deelweis bis zu zwee Joer virun den Uschléi bekannt a goufen iwwerwaacht.
[Änneren] Täterideologie a Viirgeschicht
D’Attacke vum 11. September waren net déi éischt Uschléi vun der Al-Qaida géint US-amerikanesch Zieler. Eréischt an de Jore virdrun huet e Selbstmordattentäter d’Krichsschëff USS Cole am Jemen ugegraff; dono koume Bommenattentater op US-Botschaften am Kenia souwéi schonn 1993 déi éischte Sprengstoffattack an der Déifgarage vum WTC. D’USA hate schonn ënnert dem US-Präsident Bill Clinton mat Rakéitenugrëffer op méiglech Terroriste-Lager am Afghanistan a vermeintlech Chemiefabriken am Sudan geäntwert.
An den 1980er Joeren haten de Bin Laden a seng Matstreider als auslännesch Mudjahedin am Partisanekrich géint d’russesch Besatzung am Afghanistan deelgeholl. D’CIA huet dës „Gotteskrieger“ mat je zur halschent vun den USA a Saudi-Arabien finanzéierte Waffen souwéi mat Geheimdéngschtinformatioune beliwwert an huet och bei hirer Ausbildung am Pakistan gehollef. Hiren Haaptfeind war deemools d’Sowjetunioun als „Ennerdrécker“ vun den islameschen Afghanen an den Tschetschenen souwéi Jugoslawien bzw. méi spéit Serbien als „Ennerdrécker“ vun den islameschen Albaner a Bosnier.
De wahabiteschen Islamismus setzt och op Propaganda virun allem an arabeschen a muslimesche Gesellschaften. E gesäit seng Gewaltakten als Mëttel, all Muslimen am „Befreiungskampf“géint d’Dominanz vum Westen ze vereenen. Dobäi wend e seng Terrorakten och géint Zivilisten, déi als „Kollaborateuren“ zur Zielscheiw ginn oder einfach als zoufälleg Terroraffer mat a Kaf geholl ginn. Haaptkampfgeescht ass de leschten Opruffer vum Bin Laden no den Irak.
Obwuel sech déi meeschten Iraker haut géint den Terror ausspriechen, fënnt d’Al-Qaida a munche Stréimunge vu muslimesche Gesellschaften, besonnesch a Pakistan, Indonesien a Saudi-Arabien, Réckhalt. Dëst hängt och mat der traditioneller Relatioun tëscht Politik a Relioun an islamescher traditioun zesummen. Fir streng gleewesch Muslimen ass all Staats- a Gesellschaftsform baussent der Scharia verwerflech. Dowéint gesinn e puer sech légitiméiert, d’Welt vun den Ongleewege mat Terrorakten ze zerstéieren. Mawlana Mawdudi, e pakistanesche Virgänger vum modernen Dschihad, schreift:Den Islam ass keng normal Relioun wéi déi aner Reliounen op der Welt... den Islam ass e revolutionäre Glawen, den Untrëtt, all vu Mënsche geschaaffe Staatsform ze zerstéieren.
An der westlecher Welt gëtt dacks iwwersinn, firwat Selbstmordattentäter sech an anerer an d’Loft sprengen: Am Islam gëtt et keng Garantie, datt ee nom Doud an d’Paradiis kënnt, esouguer wann ee säi ganzt Liewe laang gutt Wierker geleescht huet. Alles hängt dovun of, wéi den Allah eng kéier entscheede wäert. Wann awer e Muslim am Dschihad stierft, muss en am Graf net op d’Geriicht waarden, mee kënnt direkt an d’Paradiis (Sure 4,74; 9,89 u.a.). En Dschihad-Kämpfer gëtt no sengem Doud weder gewäsch nach a propper Dicher geluecht. E läit esou am Sarg, wéi e gestuerwen ass. Säi Blutt ass fir Allah eng éirevoll Auszeechnung. Grad jonk Muslime aus aarme Verhältnisser fille sech vun der Dschihad-Ideologie ugezunn. Well dës relieis begrënnt ass, wierkt se ënner Ëmstänn vill méi geféierlech wéi all politesch Motivatioun.
D’Roll vun der Relioun als Ursaach vum islamisteschen Terror ass ëmstridden. D’Täter verstinn hir Uschléi als eng Form vum Dschihad a beruffe sech dobäi op de Koran, den hinnen den Uerder gëtt, all déi doud ze maachen, déi sech net zum Islam bekéiere wollten, z.B. Sure 9,5:
- Maacht d’Götzendénger doud, wou ëmmer der se fand, an ergräift se a belagert se a lauert hinnen aus aller Hannerhalt op.
Offiziell unerkannten islamesch Theologen weisen awer dorop hin, datt de Koran den Ugrëffskrich, d’doudmaachen ouni Nout, d’doudmaache vun Onschëllegen a Selbstmord-Uschléi ausdrécklech verbidd. Si gesinn den islamisteschen Terrorismus hirersäits als Offall vum richtegen Islam a bestreiden, datt den Osama bin Laden iwerhaapt dat Recht huet, eng Fatwa auszespriechen.
[Änneren] Théorien fir d’Uersaachen
Zu den Uersaachen vum islamisteschen Terror gët et verschidden Théorien: „Antiimperialistesch“ Erklärungsmuster maachen de Westen – hei erem besonnesch d’USA an Israël – opgrond hirer verfeelter Nooostpolitik selwer fir den Haass responsabel. De Fait, dass de Bin Laden en ehemolegen verbündeten vun den USA a speziell der CIA wor, gët och als Beweis fir eng fatal Aussepolitik gesin, bei där d’Ënnerstëtzung vun militanten demokratiefeindlëchen Gruppéierunge während dem Kale Krich an den entspriechende Länner eng Situatioun geschaafen hun, déi schliisslech op d’USA selwer zeréckgefall soll sin. Dëst gët och als Blowback bezeechent. Och d’Versoen vun de räichen westlëchen Industriestaate géigeniwer dem Problem vun der Aarmut duerch eng hemmungslos Globaliséierung hätt dem Terror en Nährbuedem geschaaft. Ds Siicht vertriede villfach lénk Intellektueller wéi de Noam Chomsky oder Mënscherechtler wéi d’Inderin Arundhati Roy. Aner Analysen weisen dorop hin, dass de Bin Laden duerch Baugeschäfter vu sénger Famill zu Mekka e Milliardeverméigen erschafft huet a net als Vertrieder vun den Aarme gëlle kéint. Och fir déi ökonomesch Entwécklung vu Palästina hätt hie séng Mëttel net agesaat.
Aus kultursoziologescher Perspektiv gët d’Phänomen vum islameschen Terrorismus och als Frontbildung géint kulturell Moderniséierung gedeit. D’Veronsëcherung, déi mat dem brëcheggin vun alen traditionelle Strukturen an Ideologien een hiergeet, gët demno duerch verstärkte Besënnung op déi eege Wuerzelen (Salafismus) kompenséiert an am terroristesche Kampf géint déi westlech Repräsentante vun der Moderniséierung ausagéiert. Duerch de spektakulären Uschlag am Zentrum vun der westlecher Welt soll d’Verletzlechkeet vun de „Judden a Kräizfuerer“ démonstréiert gin.
An dës kultursoziologesch Perspektiv fügt sech och déi gelegentlech (virun allem vun der lénker Säit geäussert) Aschätzung vum Terrorismus als „Islam-Faschismus“ an, déi am terroristesche Kampf géint d’Weltmuecht USA souwéi den „Erzfeind Israel“ primär eng Form vun Antisemitismus erkennt, déi mat ähnlechen Stereotypen an Erklärungsmuster operéiert wéi de klasseschen europäeschen Antisemitismus.
[Änneren] Folgen
[Änneren] Onmëttelbar Öffentlëch Réaktiounen
A Gedenkminutten an Trauerfeieren goufen an ville Länner den Affer vun den Terror-Attacken vu New York a Washington geduecht. Déi féierend Politiker vun allen Demokratien hun d’Uschléi veruerteelt. Dach wou e puer Minutten no den Attacken den amerikanesche Präsident George W. Bush, dee sech zu dëser Zäit an enger Primärschoul opgehalen, vun den Attentater a Kenntnis gesaat gouf („Mr. President, Amerika gouf elo grad ugegraff“), huet dëse kaum vum Schoulbuch opgekuckt, an deem e grad gebliedert huet. Och op en Uerder fir d’Sëcherung vun Amerika huet een vergeblech gewaart. Nëmme fir séng eege Sëcherheet gouf direkt no den Uschléi gesuergt.
An enger grousser, landeswäiter am Fernseh iwerdroener Trauerfeier am Fussballstadion vu New York hu Vertrieder vun allen zu New York établéierte Gruppen a Reliounen zesummen den Doudegen geduecht an hun hir multikulturell Toleranz als wesentlecht Zeeche vun der Weltmetropole New York géigesäiteg bekräftegt.
[Änneren] Militäresch Schrëtt
D’Uschléi waren deen éischte quasi militäreschen Ugrëff op d’Festland vun den USA säit 1814. Dowéint haten se och weltwäit gravéirend politesch a militäresch Konsequenzen. Déi vun den USA ugefouert Géigemesuren gin ënnert dem Begrëff „Krich géint den Terrorismus“ zesummegefaasst.
Zunächst huet den US-Präsident Bush an enger Regierungserklärung d’Erwaardung un d’Welt däitlech gemaach: Either you are with us, or you are with the terrorists („Entweder sidd der op onser Säit, oder op där vun den Terroristen.“) HIen huet domat all Land de Krich erklärt, dat Terroristen an iergend enger Art a Weis ënnerstëtze géif.
D’NATO huet fir d’éischte kéier säit hirem Bestoen de „Bündnisfall“ ausgeruff, an huet demno den Ugrëff op d’USA als Attack op all NATO-Memberstaaten opgefaasst. Trotz dëser an aneren Hllefspropositiounen huet d’US-Regierung déi éischt militäresch Schrëtter zunächst alleng ënnerholl. D’US-amerikaner hun sëch dorophin op en Ugrëff op den Taliban-Régime an Afghanistan préparéiert, deem se d’Ënnerstëtzung an d’Verstoppe vun der Al-Qaida-Féierung viirgeworf hun. Vun Ufank un war e spéidere Stuerz vum irakeschen Diktator Saddam Hussein am Gespréich, obwuel dësem weder iergend eng Relatioun zu der Al-Qaida nach Pläng vun Terrorattacken géint d’USA nogewise konnte gin.
No internen Streidegkeeten virun allem tëschend dem Verdeedegungsminister Donald Rumsfeld an dem Ausseminister Colin Powell gouf dem Afghanistan en Ultimatum fir d’Ausliwerung vum Bin Laden gestallt. D’Prpose vun den Taliban, hien no islameschem Gaaschtrecht un e befrëndend islamescht Land auszeliweren, gouf als onzouräichend zeréckgewisen. Ee Mount no den Uschléi huet d’Bombardéierung vun Taliban-Stellunge an afghanescher Infrastruktur ugefaang; bis zum Joresenn war de Régime ënnert dem Mullah Omar gestierzt. Dobäi hu sëch d’USA och vun bannenafghaneschen Oppositiounstruppen bedéngt, virun allem vun der sougenannter „Nordkoalitioun“ vun Usbeken an den Unhänger vum Scheich Al Massud, deen den 12. September ermord gouf. De Bin Laden konnt awer aus sénger ënnerierdescher Verstopp zu Tora Bora entkommen an am Grenzgebidd zum Pakistan ënnertauchen.
Déi uschléissend Befriedung a Sëcherung vum nei agesaaten, dann duerch d’Wahl confirméierte Präsident Hamid Karzai gët virun allem och duerch däitsch Bundeswehrtruppen matgedroen. Domat gouf dat am Grondgesetz op Landesverdeedegung begrenzten Asazgebitt vun der Bundeswehr och op Asätz baussent dem NATO-Gebitt ausgedehnt.
[Änneren] Politesch, strof- an zivilrechtlesch Schrëtt
D’Strofrechtlech an zivil Schrëtt goufen a gin vu ville Natioune matgedroen. Dëse Kampf gouf a ville westlëche Länner als Grond geholl, d’Areesbestëmmungen ze verschärfen, Iwerwaachungsmesuren auszeweiden a grondleend Mënscherechter anzeschränken. D’Volléksrepublik China huet schonns e puer Joer virdrun dem Terror de Krich erklärt. Duerch d’Aschwenken vun den USA op dëse Kurs gouf d’Positioun vun der chinesescher Féierung gestärkt. Russland huet säi Krich noodréiglech Tschetschenien als Kampf géint den Terror erklärt, fir d’Kritik dorun ofzeschwächen.
Den George W. Bush huet aus dem Kampf géint den Terror d’Recht vun den USA op Präventivkricher ofgeleed, wat als Bush-Doktrin bekannt gouf. Engersäits gouf et eng verstärkt Zesummenaarbecht vu verschiddene Länner, déi zur arrestéierung vu méiglechen Terroristen an zur Zerstéierung vun ugehollenen Terrorgruppen gefouert huet, aanerersäits – haaptsächlech vun US-amerikanescher Säit – och en abandon vun internationalen Verträg an Ofkommen, déi virun allem baussent den USA zu Irritatioune gefouert hunn. Esou huet den US-Verdeedegungsminister Donald Rumsfeld de begrëff vum Alen Europa geprägt, woumat en déijeneg europäesch Staate gemengt huet, där hir Regierunge sech 2003 géint den zweeten US-Krich mat dem Irak gewand hunn – besonnesch Däitschland, Frankräich a Russland.
Weltwäit goufen d’Ustrengungen fir d’Fluchhafesëcherheet verstärkt.
[Änneren] Verhaftungen an Iwergrëffer
Am Kader vun der Befreiung vum Afghanistan goufen aus de Kreeser vun den Taliban iwer 1.000 Verdächteger gefaangegeholl, vun denen vill bis haut nach am Prisong sin. Bei dësen handelt et sech gréisstendeels em Persounen arabescher oder asiatescher Ofstaammung. Mënscherechtsorganisatioune kritiséieren d’Bedingungen, ënnert denen dës Mënschen – déi meescht vun hinnen op dem amerikanesche Militärstëtzpunkt Guantanamo Bay op der Insel Kuba – gefaange gehale ginn. Am eenzelenen gët hinnen de Kontakt no baussen refuséiert, si gin ouni Ukloo festgehal an hir Identitéit geheim gehal (esou dass keng onofhängeg Enquête duerchgefouert ka gin). Eng Kloo op öffentlëch Verhandlung gouf an der Beruffungsinstanz ofgewisen. [1] [2] [3]
Bei den zu Guantanamo inhaftéierten Persounen handelt et sec hem Krichsgefaangener am Sënn vum Artikel 4. vum III. Genfer Ofkommen iwer d’Behandlung vu Krichsgefaangenen. Et stellt sech also d’Fro, wat fir e Recht de Gefaangenen vu Guantanamo zur Uwennung komme kann an op se besonnesche Schutz verdéngen.
Niewt den offizielle Mesuren gouf et kuerz no den Uschléi an den USA och e ganze koup duerch Rachegefiller motivéiert Iwergrëffer géint Mënschen déi arabesch ausgesin (oft och Turban droend Shiks) an islamesch Ariichtungen. Dës sin vu Beleidegungen iwer Doudesdrohungen a Branduschléi bis hin zu e puer Morde gaangen. [4]
[Änneren] Opklärung
[Änneren] Enquêtekommissioun
Op Drock vu Familjememberen vun den Affer gouf eng staatlech Enquêtekommissioun gebild, déi d’Uschléi bewert.
[Änneren] Verschwierungstheorien
D’Evénementer vum 11. September hun zu enger Villzuel vu sougenannte Verschwierungsthéorien gefouert, déi op énorm Résonanz an der Populatioun gestouss sin. Si féieren eng abberzuel vermeintlech ongeklärten oder widdersprëchlech Ëmstänn un a schléissen doraus op aner Uersaachen an Täter, meeschtens d’US-Regierung selwer an d’Geheimdéngschter. E puer huelen un, dass den US-Autoritéiten bewosst Ontätegkeet ordonnéiert gouf, anerer behaapten eng direkt Viirbereedung an Duerchféierung vun den Uschléi duerch d’CIA oder aneren Autoritéiten.
[Änneren] Zitater
- Enges Daags wärt ee soen: Den 11. September, dat war déi ('gudd') al Zäit vum leschte Krich. Deen huet nach zu der Uerdnung vum Giganteschen gehéiert: siichtbar a rieseg! Wat fir eng Gréisst, wat fir eng Héicht! Säithier gët et wäit Schlëmmeres, all méiglech Nanotechniken si souvill méi mächteg an onsiichtbar, ongräifbar, et hëllt een un, dass se iwerall sin. An der Mikrologie konkurréiren se mat Mikroben a Bakterien. Awer onst Onbewosst ass dofir schon empfänglech, et wees et schon, an dat ass et, waat Angscht mëcht. – Jacques Derrida (2001; an: Philosophie in Zeiten des Terrors, ISBN 3865723586, S. 136)
- Heute sind wir alle Amerikaner- Peter Struck(däitsche Verdeedegungsminister) den 12. September 2001
[Änneren] Filmer iwwert d'Evenementer
- 11'09"01 – September 11, Kompilatiounsfilm
- 11. September, franséischen Dokumentarfilm vum Gedeon a Jules Naudet
- Fahrenheit 9/11, kritesch-sarkasteschen Dokumentarfilm vum Regisseur Michael Moore (Bowling for Columbine)
- DC 9/11: Time of Crisis, Spillfilm (USA, 2003) iwer d’politesch Evénementer den 11. September
[Änneren] Hymn
- D'Lidd Only Time vun Enya, besonnesch a sénger Versioun mat ageblendete Stëmme vu Betraffenen, gouf ongewollt zur Hymn vum 11. September 2001.
[Änneren] Um Spaweck
[Änneren] Dokumentatiounen
- Institut fir politesch Bildung Baden-Württemberg: Oflaf vun den Ereegnësser mat weiderféirende Linken (däitsch)
- Websäit vun der 9/11-Kommissioun (englesch)
- Momentopnahm vun den Online-Nooriichtesäiten den 11. September
- Bild- an Tounarchiv zum 11. September 2001 (englesch)
- Analysen an Hannergrënn(englesch)
Commons: 9/11 – Biller, Videoen oder Audiodateien |