Thérèse vu Lisieux
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel zum Chrëschtentum ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Thérèse vu Lisieux Marie-Françoise Thérèse Martin 2. Januar 1873 – 30. September 1897 |
||||||||
Detailer | ||||||||
---|---|---|---|---|---|---|---|---|
|
D'Theresia vu Lisieux oder d'Helleg Theresia de l'Enfant Jésus ass eng kathoulesch Helleg, déi 1925 helleg gesprach ginn ass.
Si gouf gebuer als Thérèse Martin den 2. Januar 1873, 12 rue Saint-Blaise zu Alençon an ass gestuerf den 30. September 1897) zu Lisieux als Karmeliterin.
Hire Papp, de Louis Martin, war Auermécher an hir Mamm, d'Zélie-Marie Guérin, huet Spëtze geheekelt. Alle béid ware se ganz fromm Leit. Si haten néng Kanner, mee nemme fënnef vun hinnen : Marie, Pauline, Léonie, Céline an Thérèse, goufe grouss; d'Famill huet nämlech un Tuberculos gelidden. D'Thérèse war dat jëngst; am Klouschter gouf et « Thérèse de l’Enfant-Jésus et de la Sainte Face ». Och seng 4 Schwesteren goungen an d'Klouschter:
- Marie, * 22/2/1860, † 19/1/1940, Karmeliterin (Schwëster Marie du Sacré-Cœur).
- Pauline, * 7/9/1861, † 28/7/1951, Karmeliterin (Mutter Agnès de Jésus).
- Léonie, * 3/6/1863, † 16/6/1941,(Schwëster Françoise-Thérèse).
- Céline,* 28/4/1869, † 25/2/1959, Karmeliterin (Schwëster Geneviève de la Sainte-Face).
Wéi d'Thérèse 4 Joer hat, ass seng Mamm zu Alençon u Kriibs gestuerwen an d'Famill ass duerno no Lisieux geplënnert. Nodeem seng eelste Schwëster an d'Klouschter agetratt ass, gouf d'Thérèse schwéier krank. Hat gouf no him op d'Interventioun vun der Notre-Dame-des-Victoires vum Dout gerett. 1896, huet et d'Tuberkulos kritt.Wéi et 1897 gestuerf ass, hat d'Thérèse richt 24 Joer. Et huet eng Autobiographie hannerlooss L’Histoire d’une âme, déi et op de Rod vu senger Schwester an Oberin, d'"Mutter Agnès" , redigéiert hat. Bei sengem Dout war et nach ganz onbekannt. Sengem Begriefnes hunn nëmmen eppes 30 Persounen bäigewunnt. Et gouf den 29. Abrëll 1923 vum Pius XI séileg an den 17. Mee 1925 helleg gesprach. Den 19. Oktober 1997, Thérèse, huet de Jean-Paul II him den Titel Docteur de l'Église zouerkannt. A sengem apostoleschen Bréif Divini amoris scientia, schreiwt en:
- « Dans les écrits de Thérèse de Lisieux, sans doute ne trouvons-nous pas, comme chez d’autres docteurs, une présentation scientifiquement organisée des choses de Dieu, mais nous pouvons y découvrir un témoignage éclairé de la foi qui, en accueillant d’un amour confiant la condescendance miséricordieuse de Dieu et le salut dans le Christ, révèle le mystère et la sainteté de l’Église. »
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Literatur
Nëmmen déi rezent Publicatiounen sinn hei opgezielt:
- 1968 : Abbé Jean Lafrance, Thérèse de Lisieux et sa mission pastorale, essai de pédagogie thérésienne. Paris : Éditions Desclée, De Brouwer. 295 p.
- 1972 : Guy Gaucher, La Passion de Thérèse de Lisieux : 4 avril-30 septembre 1897. Paris : Éditions du Cerf ; Éditions Desclée De Brouwer. 251 p.
- 1995 : Jean Guitton, Le génie de Thérèse de Lisieux. Paris : Éditions de l’Emmanuel. 157 p.
- 1995 : Jean-François Six, Lumière de la nuit : les dix-huit derniers mois de Thérèse de Lisieux. Paris : Éditions du Seuil. 268 p.
- 2000 : Guy Lehideux (textes) et Charlie Kieffer (dessins), Sainte Thérèse de Lisieux. Étampes : Éditions Clovis, coll. « Chemins de lumière ». 38 p. Hagiographie sous forme de bande dessinée.
- 2002 : Claude Langlois, Le désir de sacerdoce chez Thérèse de Lisieux ; suivi de Les trois vies de Thérèse au carmel. Paris : Éditions Salvator, coll. « Pierres d’angle ». 230 p. + 4 p. de planches.