Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Kathedral St. Pierre zu Lisieux
D'Kappell vum Carmel vu Lisieux
Modell vum Carmel vu Lisieux
Lisieux ass eng Stad an der franséischer Regioun Basse-Normandie am Département Calvados an huet 23.166 Awunner (Stand: 1999). Si läit 86 km südwestlech vu Rouen an 30 km südlech vun Deauville um Aermelkanal.D’ Stad ass Sëtz vun enger Sous-préfecture vun den Arrondissements Lisieux, déi aus 13 Kantonen bestinn. D’Stad selwer bild 3 Kantonen. Lisieux läit un dem klengen Floss Touques an ass als Sëtz vun engem Karmel-Klouschter eng Wallfahrtsuertschaft ginn, déi all Joer Dausenden vu Pilger unzitt. Dat verdankt se der Helleger Theresia vum Jesuskand (Sainte Thérèse de l’Enfant Jésu). No hierem Dout am Joer 1897 huet hir Veréierung sech an engem ongewéinlech séieren Tempo verbreet. 1923 gouf se séileg an 1925, zwee Joer duerno, gouf des Karmeliterin hellëg gesprach. Hier ass déi tëschent 1929 an 1937 gebauten neiromanesch Basilika gewidmet. D’ Stad Lisieux gouf schonns zu réimëscher Zäit als Noviomagus Lexoviorum genannt.
[Änneren] Kuckeswäertes
- Kathedral Saint-Pierre vu Lisieux(gothesch)
- Basilika Sainte-Thérèse vu Lisieux(style romano-byzanthinesch vum XXe Joerhonnert
- De Carmel a besonnesch d'Kappell vum Carmel-Klouschter
- Les Buissonnets, Déi fréier Propretéit vum M. Martin, dem Papp vun der Helleger Theresia (wou si virum Antrett an d'Klouschter geliewt huet)
[Änneren] Fotoalbum vu Lisieux
Statu vun der Helleger Theresa virun der Kappell vum Carmel
|
Schräin mat de Reliquien vun der Helleger Theresa an der Kappell vum Carmel
|
|
Modell vum Carmel vu Lisieux
|
Basilika Ste. Thérèse zu Lisieux
|
D'Kathedral St. Pierre zu Lisieux
|