The O.C.
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Televisiounsserie
Daten | |
---|---|
Originaltitel: | The O.C. |
Produktiounsland: | USA |
Éischt Folleg: | 5. August 2003 |
Dauer: | 44 Minutten |
Originalsprooch: | Englesch |
Folgen: | 73 (Stand 2006) |
Equipe | |
Schëpfer: | Josh Schwartz |
Produzent: | Bob DeLaurentis |
Haaptacteuren | |
Peter Gallagher Kelly Rowan Benjamin McKenzie Mischa Barton Adam Brody Melinda Clarke Rachel Bilson |
The O.C. (de: O.C., California; fr: Newport Beach) ass eng Televisiounsserie aus den USA vum Josh Schwartz. Déi éischt Folleg ass de 5. August 2003 gelaf, ewell ass d'Serie bei hirer drëtter Staffel ukomm. O.C. steet fir de Bezierk Orange County am US-Bundesstaat Kalifornien.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Ëm wat geet et ?
De jonke Ryan Atwood (Benjamin McKenzie) liewt a schlechte Verhältnisser zu Chino; seng Mamm huet en Alkoholproblem an hire Frënd zéckt net d'Hand ze hiewen. Säi Brudder Trey (Bradley Stryker) an hie geroden an dësem Milieu séier op d'schif Bunn, a ginn erwëscht, wéi si en Auto wëlle klauen. Well den Trey schonn 18 ass, ass fir hien de Prisong virprogramméiert. De Ryan, 16 Joer al, fält an eng aner Droits-Kategorie. Säin Affekot, de Sandy Cohen (Peter Gallagher) mécht sech wierklech Suergen ëm hien, bezillt d'Kautioun, an hëlt hien als Iwwergang mat bei sech, bis eng aner Famill fonnt ginn ass. De Ryan kënnt an eng ganz nei Welt, Newport Beach, wou een Haus mindestens 20 Zëmmer huet, a sech d'lokal Schickeria all Owes op enger Cocktailparty begéint. De Ryan wiisst der Famill Cohen un d'Häerz an de Sandy a seng Fra Kirsten (Kelly Rowan) decidéieren, Tuteur fir hien ze ginn.
Mee als Jong vun Chino ass et zu Newport Beach net ëmmer esou einfach.
[Änneren] Haaptduersteller
- De Peter Gallagher spillt de Sandy Cohen, en Affekot deen de Ryan bei sech ophëllt.
- D'Kelly Rowan spillt d'Kirsten Cohen, d'Fra vum Sandy Cohen an d'Mamm vum Seth. Si schafft mat hirem Papp an der Immobiliebranche am eegene Familljebetrib.
- De Benjamin McKenzie spillt de Ryan Atwood, en Aussenseiter vun Chino dee bei der Famill Cohen zu Newport Beach en neit Doheem fënnt.
- Den Adam Brody spillt de Seth Cohen, dat eenzegt Kand vum Sandy a vum Kirsten. Hien ass e Comic-Fanatiker an nët op de Mond gefall.
- D'Mischa Barton spillt d'Marissa Cooper, d'Nopeschmeedchen, deem seng perfekt Welt lues awer secher zesummebrécht.
- D'Melinda Clarke spillt dem Marissa seng Mamm Julie Cooper, eng Fra déi keng Skrupel huet, weder am Geschäfts- nach am Privatliewen.
- D'Rachel Bilson spillt d'Summer Roberts, dem Marissa seng beschte Frëndin.
[Änneren] Gaaschtoptrëtter
- Paris Hilton als Studendin Kate op enger Party zu Los Angeles.
[Änneren] Gielercher
- 2005: Teen Choice Award an der Kategorie TV Actor: Drama fir den Adam Brody an d'Rachel Bilson.
- 2004: Teen Choice Award an der Kategorie Breakout TV Show.
- 2004: Teen Choice Award an der Kategorie Breakout TV Star - Female fir d'Mischa Barton.
- 2004: Nominéiert fir d'TCA an der Kategorie Outstanding New Program.
- 2004: Nominéiert vun der WGA an der Kategorie Episodic Drama