Thomas Brezina
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel zu engem Auteur ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den Thomas Brezina, gebuer den 30. Januar 1963 zu Wien, ass en éisträicheschen Auteur vu Kanner- a Jugendbicher. Hie lieft zu Wien an zu London.
Den Thomas Brezina ass virun allem duerch seng Buchserien Die Knickerbocker-Bande, Tom Turbo, Ein Fall für dich und das Tiger-Team am däitschsproochege Raum bekannt ginn.
Seng Bicher, an der Tëschenzäit iwwer 400, sinn op 32 Sproochen iwwersat ginn. Zënter 1996 ass de Brezina UNICEF-Ambassadeur fir Éisträich.