Tschernobyl
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Tschernobyl ass eng Stad an der Ukrain, déi 1986 nach zur Sowjetunioun gehéiert huet. Tschernobyl ass doduerch an d'Schlagzeile vu der Weltpress koum, well de 26. Abrëll 1986 d'Atomkraaftwierk vun do havaréiert ass, an d'Strahlen, déi bei däer Explosioun ausgetratt sinn, zu enger Katastroph gefouert hunn, déi d'ganz Welt deemools an Otem gehal huet.
[Änneren] Wéi ass d'Accident passéiert?
D'Accident vun Tschernobyl hat verschidden Ursaachen. Et ass fir d'éischt op de Reakter no russescher Bauart vum Typ RBMK zeréckzeféieren, ee Reaktertyp, deen de westleche Sécherheetstandarden net ëntsprécht an allgemeng als geféierlech ugekuckt gëtt. Bei de westleche Reakteren wierkt nämlech d'Killwaasser als Moderator. Wann et verdämpt kënnt et nämlech net, wéi beim RBMK-Typ, zu enger Erhéijung vun der Reaktivitéit vum Reakter, mee seng Reaktivitéit hëllt of. Ausserdeem war den Tschernobyl-Reakter am Géigesaz zu de moderne Reakteren nët an e Sécherheetsbehälter agebett, wat d'Explosioungefor erhéicht, respektiv net méi kleng gemaach huet. D'Experte ginn dovunner aus, datt et dem Betribspersonal u Kompetenz gefeelt huet a si hir Betribsvirschrëften net agehalen haten.
[Änneren] D'Konsequenzen
[Änneren] An der Sowjetunioun
Vun alle Katastrophen an nukleare Kraaftwierker hat d'Katastroph vun Tschernobyl déi schrooste Konsequenzen an huet déi meeschten Affer gefuerdert. Wéi vill et waren ass nach net definitiv geklärt. D'UN-Atomenergieautoritéit IEAO gëtt d'Zuel vun den onmëttelbaren Affer mat manner wéi 50 un (meeschtens Membere vun de Rettungsmannschaften) an huet an hirem Rapport vum September 2005 d'Zuel vun deenen, déi méi spéit ëmkomm sinn oder nach ëmkommen, op bis zu 4.000 Mënsche geschat. Dës Zuele géifen d'Realitéit verharmlosen, geheit Greenpeace der IEAO vir. Opgrond vun hiren Nofuerschungen, un deene 60 Experten aus der ganzer Welt bedeelegt waren, muss mat bis zu 93.000 Doudege gerechent ginn, wann och d'Folge fir déi Generatiounen, déi kommen, a Betruecht gezu ginn. Greenpeace weist drop hin, datt eleng a Russland, der Ukraine an a Wäissrussland 270.000 Kriibskranker enregistréiert si ginn.
200 000 Mann goufen agesat fir opzeraumen a goufen héigen Strahlendosen ausgesat, besonnesch déi, déi onmëttelbar nom Accident do geschafft hunn. Am Fréijor a Summer 1986 goufen 116 000 Persounen aus enger Zon vun 30 km rodrëm Tschernobyl evacuéiert, spéider nach 240 000 Persounen zousätzlech.
[Änneren] An den anere Länner
An Europa, besonnesch an den Länner am Osten vun Europa gouf eng stark erhéicht Strahlenawierkung gemoss. Si huet sech haaptsächlech beim Geméis a bei aneren Feldfriichten bemierkbar gemeet. Ennert aneren Däitschland an Éisträich hu Mesuren geholl am Interêt vun de Mënschen a vum Véi. Munnecher waren an hirer Wirksamkeet allerdengs ëmstridden.
[Änneren] D'Atomkraftwierk vun Tschernobyl haut
Am Interesse vun der Sëcherheet hunn d'europäesch Länner drop gedrängt, fir, niewent dem havaréierten Block 4 och déi aner Blëck 1, 2 an 3, déi no der Katastroph rëm a Betrib geholl goufen, och ofzeschalten. Déi spéider Ukraine, déi Schwiergkeeten mat der Energieversuergung huet, huet sech laang dergéit gewiert. De Block 2 ass am November 1991 no engem Feier an der Turbinnenhal zougemeet ginn, Block 1 am November 1996 an de Block 3 den 15. Dezember 2000. D'Europäesch Unioun huet dat duerch Finanzhëllefen un d'Ukraine méiglech gemeet.
Am accidentéierte Block 4, deen an engem sougenannten Sarkophag zoubetonnéiert gouf, sinn d'Brennstief nach ëmmer dran, an säi Käer ass nach net zur Rou kom. Well Rëss am onstabile Bëetongsblock sech bemierkbar gemaach hunn, drängen nei Moossnamen sech drengend op, fir neie Katastrophe virzebauen.
Beabsichtegt ass ët am Kader vun engem „Shelter Implementation Plang“ en neie Sarkophag iwwert deem alen ze bauen, deen dann ze suppriméieen, a gläichzäiteg d'Brennelementer am Käer ouni Freisetzung vun radioaktiven Strahlen auszebauen. Eng aner Léisung géif doranner bestoen, fir een 1 000 m déift Lach ze guewen, an dorann de ganzen havaréierten Block 4 verschwannen ze loossen.
Dat alles ass nëmmen mat engem héigen Käschtenopwand méiglech. E Beitrag vun den USA an och vun der Europäescher Unioun wär noutwendeg. D'BERD ass och schonn an deem Zesummenhang ugesprach ginn. Si ¨kënnt sou eng Léisung allerdengs nëmmen matfinanzéieren, souweit et e Sëcherheetsprobleem bleiwt, a keen Ausbau vun atomaren Energiekapazitéiten geplangt ass.
[Änneren] Literatur
- Chernobyl’s Legacy: Health, Environmental and Socio-Economic Impacts and Recommendations to the Governments of Belarus, the Russian Federation and Ukraine; Abrël 2006 (PDF-Dokument)
- Igor Kostin/T. Johnson (Mitarbeit)/Übers. C. Kalscheuer: Tschernobyl - Nahaufnahme. München: Verlag Antje Kunstmann, 2006. 240 Seiten. ISBN 3-88897-435-6 (Fotoband, Reportage; Auszug, Bespreechung: in der Süddeutschen Ztg. vom 24. März 2006 (hgn) mit ca. 10 Abbi.Beispielen)
- Environmental Consequences of the Chernobyl Accident and Their Remediation: Twenty Years of Experience; Report of the UN Chernobyl Forum Expert Group “Environment” (EGE), August 2005 (PDF-Dokument)
- World Health Organization: Health Effects of the Chernobyl Accident and Special Health Care Programms. Report of the UN Chernobyl Forum Expert Group “Health” (EGH) April 2006, Download: [1] (PDF 1,6 MB)
- IAEA (Hrsg.): Chernobyl's Legacy: Health, Environmental and Socio-economic Impacts (...). September 2005 (PDF-Dokument)
- Oda Becker, Helmut Hirsch: Tschernobyl: Sanierung des Sarkophags - Wettlauf mit der Zeit. Hamburg/Hannover: Greenpeace, 2004 (PDF-Dokument)
- H. Dederichs, E. Konoplya, P. Hill, R. Hille: Systemtische Differenzierung kontaminierter und nicht kontaminierter Nutzflächen in der Region Korma., Schriftenreihe Reaktorsicherheit und Strahlenschutz; BMU-2002-613, 2002. Bundesministerium für Umwelt, Naturschutz und Reaktorsicherheit.
- A. Bayer, A. Kaul, C. Reiners: Zehn Jahre nach Tschernobyl, eine Bilanz. München: Gustav Fischer Verlag, 1996. - ISBN 3-43725-198-8
- Karl-Heinz Karisch/Joachim Wille (Hg.): Der Tschernobyl-Schock. Zehn Jahre nach dem Super-GAU. Frankfurt am Main: Fischer Taschenbuch Verlag, 1996. - ISBN 3-59613-301-7
- Grigori Medwedew: Verbrannte Seelen - Die Katastrophe von Tschernobyl, Carl Hanser Verlag München Wien, 1991. - ISBN 3-44616-116-3
- V. M. Chernousenko: Chernobyl. Insight from the Inside. Berlin, Heidelberg, New York: Springer-Verlag, 1991. - ISBN 3-54053-698-1
- Antje Hilliges/Irina Wachidowa: Als wir Tschernobyl überlebten. - ISBN 3-45364-508-1
- Swetlana Alexijewitsch Stimmen aus Tschernobyl in: 20 Jahre Tschernobyl Themenheft Aus Politik und Zeitgeschichte Beilage zur Wochenzeitung das Parlament, 27.3.2006 (weitere Beiträge von Sahm, Jochum und Pfaffenberger, Mojib Latif, Jens Ivo Engel), online lesbar: [2]
- Zhores Medwedjew: Das Vermächtnis von Tschernobyl, Münster: Daedalus Verlag Joachim Herbst, 1991, ISBN 3-89126-030-X