Uewerpallen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
|
||||
---|---|---|---|---|
An anere Sproochen | fr.: Oberpallen de: Oberpallen |
|||
Gemeng | Biekerech | |||
Buergermeeschter | Camille Gira (Déi Greng) | |||
Kanton | Réiden | |||
Awunner | 397 | |||
Koordinaten | ° 49’ 43’’ 46, N° 05’ 50’’ 32 | |||
Uertschaften - Gemengen - Stied |
Uewerpallen ass eng Uertschaft an der Gemeng Biekerech.
[Änneren] Geographie
Uewerpallen läit um Zesummefloss vun der Pall an der Péilz an engem breeden Dall deen a Richtung Belsch méi schmuel gëtt. Déi gréisste Partie vum Duerf läit op Lëtzebuerger Sandsteen (op Giisch an op Arel zou ) zur Kolpecher an Eller Säit sinn d'Biedem méi schwéier.
[Änneren] De Verkéier
D'Uertschaft ass un d'Strossenetz ugeschloss duerch d'Nationalstrooss N 24, déi vun Arel op Dikrech féiert, d'Nationalstrooss N 22, déi op Réiden geet an den CR 303 deen op Kolpech geet. Zwéi Feldweeër, op deenen ee mam Auto fuere kann, verbannen Uewerpallen mat Tontel a Bunnert. Een drëtte geet iwwer de Schnuddelbierg op Giisch.
D'landwirtschaftlech Terrainen sinn am Süde, Westen an Norde vu Bëscher agegrenzt, no Osten ass den Dall op bis op Liewel.
[Änneren] Geschicht
Uewerpallen war bis 1846 eng eegestänneg Gemeng. Duerch d'Gesetz vum 25. Juli 1846 ass d'Gemeng Uewerpallen suppriméiert ginn, an déi dräi Sektiounen aus deene se bestanen hat, hu vun do un zu der Gemeng Biekerech gehéiert.
Déi dräi Sektiounen vun der Gemeng Uewerpallen waren:
- Uewerpallen
- Liewel
- Dideling haut um Diggel genannt
De Michel Thibesart war de leschte Buergermeeschter vun der Gemeng Uewerpallen.
Et gouf eng Molkerei am Tontelerwee, déi Mëtt der 1950er Joeren zougemaach gouf.
[Änneren] Kuckenswäertes
Zu Uewerpallen gëtt én schéine Bauerenhaff A Gräins genannt am Maria-Theresie-Stil. Dësen Haff gesäit een an engem letzeburgesche Film Déi zwéi vum Bierg an deem den Henri Losch matspillt an der Roll vum Paschtouer. Den Henri Losch war iwwregens 3 Joer Schoulmeeschter zu Uewerpallen.