Veianen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dëse Geographiesartikel zu Lëtzebuerg ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
|
||||||
---|---|---|---|---|---|---|
An anere Sproochen | fr.: Vianden de: Vianden |
|||||
Gemeng | Veianen | |||||
Buergermeeschter | Gaby Frantzen-Heger | |||||
Kanton | Veianen | |||||
Awunner | ||||||
Fläch | km² | |||||
Koordinaten | 49° 56’ 1’’ N, 6° 12’ 27’’ O | |||||
Awunner (Gemeng) | 1.400 | |||||
Fläch (Gemeng) | 967 ha | |||||
Uertschaften - Gemengen - Stied |
Veianen, fir d'Awunner "Veinen", ass eng Uertschaft am Nord-Oste vum Land an och déi eenzeg Uertschaft vun der Gemeng mat deemselwechte Numm.
Veianen ass och eng vun den 12 lëtzebuergesche Stied.
[Änneren] Geographie
[Änneren] Geschicht
Den Ursprong vu Veianen ass wuel géint Enn vum Réimesche Räich ze fannen. Den Numm Veianen soll vum Keltesche Wuert Vien hierstamen dat da spéider als Vienna an 'Viennensis romaniséiert gouf. Géint Enn vum 4. Jorhonnert gouf eng éischt réimesch Festung um Fiels iwwert der Our gebaut.
Géint Ufank vum 11. Jorhonnert ginn d'Iwwerechter vun dem Réimesche Kastell zu enger éischter Mëttelalterlescher Buerg ausgebaut.
1090 gëtt de Bertulf, Grof vu Veianen eng éischt Kéier dokumentaresch ernimmt. Et gëtt ugeholl datt d'Grofe vu Veianen vun deene vu Sponnheim an Hamm ofstamen. Et war och wuel dëse Bertulf vu Veianen deen d'Buerg nach eng kéier verstäerkt huet an hei offiziell séi Wunnsëtz hat.
Géint 1124 soll de Friedrich I. Grof vu Veianen gebuer sinn, säi Brudder war de Gerrard Grof (oder Herr) vu Klierf an domat wahrscheinlech hire Papp den Gerrard I. vu Sponheim, Herr vu Clierf. De Friedrich I. vu Veianen huet dann och weider un der Buerg gebaut, dës Phas ass ënnert anerem den Ursprong vun der Buerg-Kapell an och vun de groussen, gémineierte Fënsteren am Palas.
Ufanks vum 13. Joerhonnert gouf d'Buerg ënnert dem Friedrich III. weider ausgebaut, ënnert anerem an deems en neien, groussen, Palas gebaut gouf an d'Kapell am Romanesche Stil ëmgebaut gouf.
Den Heinrich I. huet nach virun 1253 d'Buerg am Gotesche Stil ëmbaue gelooss an hir déi haut nach bekannt Form verpasst. Dës Zäit war dann och den Héichpunkt vun der Herrschaft vun de Veianer Grofen.
Zënter Ufank vun der Herrschaft vum Sponheim-Veianer Geschlecht gouf d'Herrschaft vun der Grofschaft Veianen op 136 Uertschaften an den Ardennen an der Äifel ausgedehnt an hir Grofen waren domat ënnert deene wichtegsten Herrscher am alen Lotharingen, an domat dacks a Konkurenz zu de Grofe vu Lëtzebuerg.
1308 huet de Grof Philip II. Veianen e Freiheetsbréif geschenkt mat deem d'Rechter a Pflichte vun de Bierger festgeluecht goufen. Un dëst Stadrecht erennert och d'Gerichtskräiz an der Veianer Uewerstad. D'Stad Veianen selwer war zu dëser Zäit schonns längst befestegt an hat bis zu 5 Parten a 24 Tierm a senger Rengmauer.
1397, wéi déi Sponheim-Veianer Dynastie ausgestuerwe war goung d'Grofschaft un d'Nassau-Veianer. Zënter 1538 waren d'Veianer Grofen aus dëser Famill dann och Prënze vun Orange.
Am 15. Jorhonnert hat d'Stad Veianen eng 3000 Bewunner a 400 Foyeren a war domat déi drëtt gréisst Stad vum häitege Lëtzebuerg.
1885 ass du d'Grofschaft Veianen an de Besëtz vun de Grossherzoge vu Lëtzebuerg (d'Nassau-Weilburger) komm.
[Änneren] Kuckeswäertes
- D'Buerg Veianen
- D'Nikloskierch
- D'Trinitianerkierch
- D'Pompelspäicherwierk Veianen tëschent Veianen a Stolzebuerg
- Den 2006 komplett restauréierten "Télésiège"
- D'Schwämm, ënner fräiem Himmel, op vun Enn Mee bis Ufank September
- De Poppen- a Spillsaachemusée
- De "Musée littéraire Victor Hugo",
- Bildchen-Kapell zu Veianen
- De "Veiner Nëssmoort". All Joer am Oktober ass groussen Nëssmaart mat Volleksfest
[Änneren] Linken
[Änneren] Kuckt och
[Änneren] Um Spaweck
- Offiziell Säit vun der Gemeng a Stad Veianen
- Syvicol
- Touristeninformatiounen iwwer d'Buerg Veianen
- De literaresche Musée Victor Hugo