Victor Hugo
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Victor Marie Hugo (gebuer de 26. Februar 1802 zu Besançon, gestuerwen den 22. Mee 1885 zu Paräis) war e franséischen Auteur, dee sech säi ganzt Liewen laang fir e fridlegt a vereenegt Europa, géint d'Sklaverei a fir d'Mënscherechter engagéiert huet.
E war doriwwer eraus staark un der Konscht interesséiert, virun allem un der Molerei an un der Fotografie, déi wichteg Niewenbeschäftigungen fir hie waren.
Schonns mat 17 Joer huet en 1819 eng literaresch Zäitschrëft, de Conservateur littéraire, gegrënnt. Säin éischte Roman, Bug Jargal, koum am Joer 1820 eraus.
Zu senge wichtigste Wierker zielen:
- Han d'Islande (1823),
- Hernani (1830),
- Les Misérables (1862),
- Notre-Dame de Paris (1831),
- Les Contemplations (1856),
- La Légende des Siècles (1856-1883),
- Les Travailleurs de la mer (1866),
- L'homme qui rit (1869),
- Quatrevingt-treize (1874),
- L'Art d'être grand-père (1877).
1841 gouf hien an d'Académie française gewielt. Nom Coup d'Etat vum Louis-Napoléon Bonaparte den 2. Dezember 1851 goung de Victor Hugo an den Exil, eréischt 19 Joer méi spéit koum hien 1870 op Paräis zréck.
Am Exil huet hie virun allem zu Jersey a Guernsey gewunnt, zu Bréissel publizéiert a war stänneg queesch duerch Europa ënnerwee. Dobäi koum en och op Lëtzebuerg.
Seng wichtegst Etappen:
- 1862 huet de Victor Hugo Lëtzebuerg fir d'éischte Kéier (Klierf, Veianen, Iechternach, d'Fiels an d'Stad Lëtzebuerg) besicht.
- 1863 war en zu Miersch, an der Fiels, der Stad Lëtzebuerg, zu Iechternach, Veianen, Falkesteen, Klierf.
- 1864 koum en nach emol an d'Fiels an an d'Stad Lëtzebuerg.
- 1865 huet hien Iechternach, Veianen, Buerschent a Klierf besicht.
- Am Summer 1871 huet de Victor Hugo sech fir e puer Méint zu Veianen établéiert, an deem Haus wou haut e Musée iwwert hie ka besicht ginn.
Wärend senge Reesen duerch Lëtzebuerg huet de Victor Hugo am Ganzen eng 50 Gedichter geschriwwen an eng 60 Zeechnungen an Aquarelle gemoolt.
1935 gouf de 50. Anniversaire vum Hugo sengem Doud gefeiert. Zu Veianen gouf e Musée an eng Buste (geschafe vum Auguste Rodin) ageweit.
2002, fir den 200. Gebuertsdag vum Victor Hugo, gouf zu Veianen no 3 Joër Ëmbauaarbechten de renovéierte Musée littéraire Victor Hugo nees fir de Public opgemaach. De lëtzebuergeschen Auteur a Literaturkritiker Frank Wilhelm, ee Victor-Hugo-Spezialist, huet d'Muséographie vum renovéierte Musée opgestallt.
[Änneren] Bibliographie
- Martin Feller, Der Dichter in der Politik. Victor Hugo und der deutsch-französische Krieg von 1870/71. Untersuchungen zum französischen Deutschlandbild und zu Hugos Rezeption in Deutschland. THÈSE Marburg 1988.
- Wilhelm, Frank, 2000. - Victor Hugo et l’Idée des États-Unis d’Europe. - Association des amis de la maison de Victor Hugo à Vianden, Vianden. 98p.
- Bourg, Tony & Wilhelm, Frank, 1985. - Le Grand-Duché de Luxembourg dans les Carnets de Victor Hugo. - RTL Edition, Luxembourg.
[Änneren] Um Spaweck