Victor Abens
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Victor ("Vic") Abens gebuer de 16. Oktober 1912 zu Veianen, a gestuerwen de 14. Januar 1993 zu Léck, war e lëtzebuergesche Politiker an Industriellen.
De Vic Abens war an der Zäit vum Zweete Weltkrich Member vun der Resistenzorganisatioun L.V.L.. Vun 1946 bis 1981 war hie Buergermeeschter vu sénger Heemechtsstad Veianen. Zäit senges Liewens huet hie sech fir seng Stiedchen agesat. Hie huet mat d' Veiner Geschichtsfrënn gegrënnt, vun deenen e 1973 bis 1984 President war, an och d' Veiner Schloossfrënn mat an d'Liewe geruff, vun deenen en 1978 - 1992 d'Présidence hat. Net zulescht op säin Asaz hin ass d'Veianer Buerg restauréiert ginn. Fir hien ze éiere gouf de prächtegen 30,30 x 10,20 m an 7 m héije Festsall am Schlass no him benannt.
Politesch war de Vic Abens an der LSAP aktiv, fir déi e vun 1945 bis 1981 an d'Chamber gewielt gouf. Vun 1979 bis 1989 war en ee vun de 6 lëtzebuergeschen Europadeputéierten am Europäesche Parlament.
Vun 1963 bis 1973 war de Vic Abens President vun der UGDA.