Vincenzo Silvano Casulli
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Vincenzo Silvano Casulli, gebuer am Joer 1944, och bekannt ënnert dem Numm Silvano Casulli), ass en italienischen Amateurastronom.
De Casulli ass en engagéierten Observateur an Entdecker vun Asteroiden. Hie war den éischten Amateurastronom, deem et gelongen ass, mat enger CCD-Kamera prezis astrometresch Date vun Asteroiden ze erhalen. An de Joeren 1993 bis 2004 huet hie 86 Asteroiden entdeckt.
Den Asteroid (7132) Casulli ass no him genannt.
Am Joer 1985 huet hien an enger Grupp vun Amateurastronome geschafft, déi den Hubble-Weltraumteleskop fir d'Observatiounen an Ënnersichunge vu Koméiten an Asteroiden notzen konnt.
De Casulli lieft a schafft an der Géigend vu Roum an Italien.