Wandmillen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Eng Wandmillen ass eng Maschinn, déi mat enger duerch Wandenergie ugedriwwener Mécanique Aarbecht maache kann.
Klassesch Wandmille mat de grousse Flillécke fënnt een haaptsächlech am flaache Land. Si waren, ier d'Dampmaschinn erfonnt gouf, mat de Waassermillen déi eenzeg Kraaftmaschinn op der Welt. Wandmille si fir vill Aarbechten agesat ginn, ënner anerem als Pompelstatioun an de Polderen an Holland.
De Bau ëm d'Mille selwer gëtt och Wandmille genannt.