Wanter
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Wanter ass eng vun de véier Joreszäiten déi et an den temperéierten Zone vun der Äerd gëtt.
Jee nodeems een op der Nordhallefkugel oder Südhallefkugel ass, gëtt tëschent dem Nordwanter oder dem Südwanter ënnerscheed.
Duerch d'Rotation vun der Äerd em d'Sonn verännert sech de Zenitstand vun der Sonn tëschent dem südlechen an dem nërdleche Wendekrees, an doduerch kënnt de Wanter all Joer eng Kéier op all Hemisphär eemol d'Joer erëm.
Astronomesch gesinn fängt de Wanter op der Nordhallefkugel mat der Wantersonnewenn un, dat ass dee Moment wou d'Sonn am Senkel iwwer dem Südleche Wendekreessteet, an d'Deeg am Norden dee Moment déi kierzte vum Joer sinn.
De Wanter fänkt deemno un:
- op der Nordhemispär den 21. Dezember oder den 22. Dezember
- op der Südhemisphär den 21. Juni
Duerno ginn d'Deeg erëm méi laang an de Wanter hält op bei der Equinoxe vum Fréijor d.h.:
- op der Nordhallefkugel den 20. Mäerz oder an der Nuecht op den 21. Mäerz
- op der Südhallefkugel den 22. September respektiv den 23. September
De Wanter dauert 89 Deeg.
Well d'Ëmlafbunn vun der Äerd ëm d'Sonn ëm 1.7 % vun der idealer Kreesbunn ewech geet sinn déi véier Joreszäiten net gläich laang. De Nordwanter ass well d'Nordhallefkugel méi no zur Sonn ass (Perihel den 3. Januar) och licht méi mëll.
[Änneren] Kuckt och
- Fréijoer
- Summer
- Hierscht