Fréijoer
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D’Fréijoer (oder Fréilénk) ass eng vu véier Joereszäiten vun der geméissegt Zon. Op d’Fréijoer follegt de Summer, dorop den Hierscht a schliesslech de Wanter.
Je nodeem, ob d’Fréijoer op der Südhallefkugel oder op der Nordhallefkugel ass, ënnerscheed een tëschent Nordfréijoer an Südfréijoer. Opgrond vum wandernden Zenitstand vun der Sonn tëschent südlechem an nërdleche Wendekrees widderhëllt sech d’Fréijoer op all Hemisphär an engem Turnus vun engem Joer.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Zäitraum
De Fréijoersufank kann entweder astronomesch, also no der Positioun vun der Äerd zur Sonn, oder phänologesch no dem Entwécklungsstadium vun de Planzen festgeluet ginn.
Astronomesch fänkt et mat dem Fréijoers-Äquinoktium un:
- op der Nordhallefkugel den 20. oder 21., a seltene Fäll schonns de 19. Mäerz
- op der Südhallefkugel den 22. oder 23. September
Mat dem astronomeschen Summerufank, den 21. Juni hällt d’Fréijoer momentan ëmmer de gläichen Dag op.
An der Meteorologie fänkt d’Féijoer ëmmer den 1. Mäerz un. Hie gouf aus Grënn vun einfacher Statistikféierung op den Éischten vu Mount verluet an ass (meteorologesch gesinn) - wéi och déi dräi aner Joereszäiten Summer, Hierscht a Wanter - genee dräi Méint laang. Sou kënnen d'Joreszäiten méi einfach an „dréchen“, „waarm“, „kal“ asw. agedeelt ginn.
[Änneren] Wëssenswertes
- Am Mëttelalter huet een nach kee Fréijoer kannt, op de Wanter koum gläich de Summer.
- A ville Kulture gëtt et Fréijoersfester. Sou loosse sech zum Beispill verschidden kierchlech beweglech Feierdeeg vum Fréijoersufanksdatum ofleeden.
[Änneren] Literaresch
- An der Literatur gëtt Fréijoer oft mat Lenz bezeechent.
[Änneren] Kuckt och
- Summer
- Hierscht
- Wanter
[Änneren] Um Spaweck
Commons: Frühling – Biller, Videoen oder Audiodateien |