Wenzel I. vu Lëtzebuerg
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Wenzel I. 28. Januar 1337 – 8. Dezember 1383 |
||||||
![]() |
||||||
Herzog vu Lëtzebuerg | ||||||
---|---|---|---|---|---|---|
|
||||||
|
De Wenzel I. vu Lëtzebuerg (* 28. Januar 1337 zu Prag, † 8. Dezember 1383 an der Stad Lëtzebuerg) war Herzog vu Lëtzebuerg, Brabant a Limburg.
Hee war dee jéngste Jong vum Jang de Blannen, Kinnek vu Béimen. 1353 krutt hien vu sengem Hallev-bruder Karl I. Lëtzebuerg als Herzogtum iwwerdroen. Hie war domatt den éischten Herzog vu Lëtzebuerg.
Am Mäerz 1354 huet hie sech mat der Jeanne vu Brabant bestuet, der eelster Duechter vum Jean III., Herzog vu Brabant a vu Limburg, a gouf d'Joer drop, de 5. Dezember 1355, och an deenen Herzogtimer als Herzog unerkannt, nodeems e garantéiert hat, datt se do hir Privilegie behale kéinten.
Hien ass ouni lëiwleg Kanner gestuerwen an esou huet säin Neveu, de Wenzel II. de Lëtzebuerger Troun iwwerholl.
Virgänger: Karel I. |
Herzog vu Lëtzebuerg 1353- 1383 |
Nofolger: Wenzel II. |