Karl I. vu Lëtzebuerg
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
![]() |
Dëse Geschichtsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Karl I. 1316 – 1378 |
||||||
![]() |
||||||
Grof vu Lëtzebuerg | ||||||
---|---|---|---|---|---|---|
|
||||||
|
De Karl I. *(1316, † 1378) war vun 1346 bis 1353 Grof vu Lëtzebuerg, vun 1346 bis 1378 (als Karl IV.) Kinnek a Keeser vum Hellege Réimesche Räich, vun 1346 bis 1378 Kinnek vu Béimen a vun 1373 bis 1378 Maarkgrof vun Branebuerg.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Famill
De Karl I. war véier mol bestuet:
[Änneren] Blanche vu Valois
Seng éischt Fra war d' Blanche vu Valois (1316, † 1348), Duechter vum Kinnek Karl I. vun Aragon a Valencia, Régent vu Frankräich, Grof vu Valois, Alençon, Chartres, Perche a Barcelona. Hiren Hallefbrudder war de Philip VI. Kinnek vu Frankräich. De Karl I. an d'Blanche haten zwee Kanner:
- Margret (1335, † 1349 bestuet mam Kinnek Louis I. vun Ungarn.
- Katrin (1329, † 1353) bestuet mam Rudolf IV., Herzog vun Éisträich, an no deem sengem Doud († 1365) eng zweete Kéier mam Otto de Lidderechen, Herzog vun Uewer-Bayern.
[Änneren] Anna vu Wittelsbach
Seng zweet Fra war d' Anna vu Wittelsbach (1329, † 1353), Duechter vum Pfalzgrof um Rhäin Rudolf II.. De Karl I. an d' Anna haten nëmmen ee Jong, dee fréi gestuerwen ass:
[Änneren] Anna vu Schweidnitz
Seng drëtt Fra war d'Anna vu Schweidnitz (1339, † 1362), Duechter vum Heinrich II. Herzog vu Schweidnitz. De Karl I. an d' Anna haten zwee Kanner:
- Elisabeth (1358, † 1373) bestuet mam Albrecht III. Herzog vun Éisträich.
- Wenzel II. (de Lidderechen) (1337, † 1387) Herzog vu Lëtzebuerg, Kinnek a Keeser vum Hellege Réimesche Räich a Kinnek vu Béimen.
[Änneren] Elisabeth vu Pommern
Seng véiert Fra war d'Elisabeth vu Pommern (1345, † 1392), Duechter vum Bogislav V. Herzog vu Pommern. De Karl I. an d' Elisabeth hate sechs Kanner:
- Anna (1366, † 1394) bestuet mam Richard II. Kinnek vun England.
- Sigismund (1368, † 1437) Kinnek a Keeser vum Hellege Réimesche Räich, Kinnek vu Béimen an Ungarn an Herzog vu Lëtzebuerg.
- Jean I. (1370, † 1396) Herzog vu Görlitz, Maarkgrof vu Branebuerg.
- Karl (1372, † 1373).
- Margret (1373, † 1410) bestuet mam Jean III. Buerggrof vu Nürnberg.
- Henri (1377, † 1378).
Virgänger: Jang I. |
Grof vu Lëtzebuerg 1346 - 1353 |
Nofolger: Wenzel I. |
Virgänger: Ludwig IV. |
Kinnek a Keeser vum Hellege Réimesche Räich 1346 - 1378 |
Nofolger: Wenzel II. |
Virgänger: Jang I. |
Kinnek vu Béimen 1346 - 1378 |
Nofolger: Wenzel II. |