Will Dahlem
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Will Dahlem war e lëtzebuergesche Moler. Hien ass den 23. September 1916 zu Péiteng gebuer, an de 4. Mäerz 1986 gestuerwen.
Hien huet Konscht zu Bréissel, Paräis an Tréier studéiert.
De Will Dahlem ass besonnesch bekannt duerch seng abstrakt Biller. Hien huet awer och Kierchefënsteren a Fresken un ëffentleche Gebäier entworf.