Yggdrasil
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dëse Mythologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Yggdrasil ass an der germanescher Mythologie déi riseg, ëmmergréng Weltesch ënnert däer een sech d'germanescht Weltbild virstelle muss.
[Änneren] Mythos
Nodeems d'Asen den Ur-Ris Ymir ëmbruecht haten, hu si aus sengem Kierper alles wat existéiert geschaf. D'Weltesch Yggdrasil war deen éischte Bam dee si geplanzt hunn, an ass dee gréissten, schéinsten an hellegste Bam vun der Äerdgeschicht. Seng Äscht iwwerdaachen déi néng Welten a wuessen iwwert den Himmel. Op der Spëtzt ass de Jötun-Ris Hräwelgr an der Verkierperung vun engem Adler, deen, andeems e mat de Flilleke schléit, de Wand mecht an d'Welt observéiert. Tëscht sengen Aen befënnt sech en Héngerdéif, Vedrfölnir genannt.
Den Yggdrasil hat dräi grouss Wuerzelen, vun deenen eng a Richtung Jötunheim, dem Land vun de Risen, wiistt, wou och dem Mimir säi Buer ass. Déi aner Wuerzel féiert an dat niwwelegt Niflheim no bei der Quell Hvergelmir, wou den Draach Nidhogg (Nidhöggr) un hier knat. Déi drëtt Wuerzel ass an der Géigend vun Asgard. D'Kaweechelchen Ratatöskr klëmmt ëmmer un der Wuerzel erop an erof. Véier Hirschen (mat de Nimm Dain, Dwalin, Dunneir an Durathor) friessen d'Knospe vun der Weltenesche . Déi zwou Schlaangen Goin a Moin, déi vum Grafwitnir (de Wollef vum Graf) ofstamen, knaen och un de Wuerzelen.
Ënner den Äscht vum Yggdrasils halen d'Gëtter Geriicht. Un hierem Fouss ass d'Quell vun der Urd, an där déi dräi Nornen (d'Schicksalsgëttinnen Urd, Werdandi a Skuld) hiere Sëtz haten.