1347
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
1342 | 1343 | 1344 | 1345 | 1346 | 1347 | 1348 | 1349 | 1350 | 1351 | 1352
Dës Säit befaasst sech mam Joer 1347.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Evenementer
- Den Eduard III. eruewert Calais. Englesch Truppe verdreiwen d'Awunner a sidelen hier eege Leit do un.
- Ufank vun der éischter Peschtepidemie an Europa zënter 600 Joer. D'Epidemie koum u sech aus China (1331), mee mam Handel ass se am Oktober 1347 op Messina a Sizilien komm an huet sech dunn via Marseille a ganz Frankräich an Europa bis erop an Island a Grönland ausgebreet. Iwert de Brennerpass packt se et eréicht no zwee Joren. Prag bleift vun dëser éischter Peschtwell ganz verschount. Vun elo un ass d'Pescht erëm d'Gäissel vun der Mënschheet an Europa.
- Hongersnot am Frankräich duerch de gëftege Roggenpilz Antoniusfeier.
- De Karl IV. ass definitiv däitsche Kinnek ouni Géigenkinnek.
[Änneren] Konscht & Kultur
[Änneren] Wëssenschaft & Technik
[Änneren] Gebuer
[Änneren] Gestuerwen
- 11. Oktober - Ludwig de Bayer, Herzog vu Bayern a Keeser vum HRR (* 1282)