Wikipedia ass en enzyklopedesche Projet vum Typ WikiWiki, fräi a gratis. Am Februar 2004 hat de Projet eng ronn 500.000 Artikelen a 50 verschiddene Sproochen opweises. Den Inhalt vu Wikipedia steet ënnert der GFDL.
De Sënn vun enger Enzyklopedie ass et, Wëssen ze resuméieren an d'Wëssen ënnerdeneen ze verbannen.
Nom Wiki Prinzip an der adaptéierter Software MediaWiki. Am Moment schaffen eng 20 Leit bei der lëtzebuergescher Wikipedia mat, bei der englescher sinn et der e puer dausend.
Jiddferee kann een Artikel schreiwen oder veränneren. D'Auteure kënne sech e Compte mat eegenem Usernumm opmaachen, mee dëst ass awer net obligatoresch. Registréiert User hunn eng eege Säit an extra Funktiounen zur Verfügung, zum Beispill de Suivi vun hiren Artikelen. Eigentlech sinn déi meeschten Auteuren registréiert.
Wéi kann ech sécher sinn, datt d'Informatiounen eppes daachen ?
Déi Fro kéint ee sech eigentlech zu all Moment stellen, op mir elo Radio lauschteren, Fernseh kucken oder eben en Artikel op Wikipedia liesen. Den Ënnerscheed bei Wikipedia ass, datt wann der op eppes stousst wat ärer Meenung no falsch ass, da kënnt der et direkt ännere goen. En Artikel ass dacks d'Aarbecht vun honnerte vun Hänn déi e getippt hunn, a probéiert hunn eng gutt Aarbecht ze leeschten.
Dat ass eng gutt Fro. Bis zum Summer 2003 huet den w:Jimbo Wales, oder éischter seng Firma Bomis d'Wikipedia kommanditéiert, dat heescht d'Serveren zur Verfügung gestallt an déi fälleg Rechnunge bezuelt. De Jimbo gëtt och nach "benevolent dictator" genannt.
Zur Zäit gehéieren d'Serveren der Wikimedia Fondatioun, déi 2003 gegrënnt gouf. Bomis stellt eis nach ëmmer d'Internetverbindung zur Verfügung.
D'Artikelen ginn ënnert der GFDL publizéiert, sinn also fräi, si gehéieren der Fondatioun also net.
Also gehéiert Wikipedia eigentlech kengem. Oder eis alleguerten zesummen. A vrun allem jidderengem Eenzelnen.
Benotzung vum Inhalt vu Wikipedia
D'Zil vu Wikipedia ass et, eng Informatiounssource ze schafen a Form vun enger Enzyklopedie, déi jiddferengem gratis zur Verfügung steet. De Contenu ka kopéiert, verännert, a weiderverbreet ginn, mee all nei Versioun steet obligatoresch ënnert der selwechter Lizenz a muss Wikipedia als Source uginn.
An deem Sënn stinn d'Artikelen op Wikipedia ënner der GNU Free Documentation License, déi d'Fräiheet vum Contenu garantéiert. Haaptsächlech:
De Contenu vu Wikipedia ass libre de droits
Jiddfereen huet d'Recht ze kopéieren
Jiddfereen huet d'Recht ze änneren, hei oder entzwousch anescht
Wikipedia muss als Source genannt ginn
All Kopie oder Ännerung ennerläit deselwechte Konditiounen
Wikipedia benotzt eng Freeware ënnert der GPL Lizenz, MediaWiki genannt, déi op http://wikipedia.sourceforge.net/ disponibel ass. De Site leeft am Moment op Linux Serveren mat Apache, PHP, MySQL an Squid.
D'Maintenance vun de Serveren an den Developpement vun der Applicatioun gëtt vu fräiwëllegen Useren mat Developer Status gemaach.
Ween dirigéiert Wikipedia ?
Keen dirigéiert Wikipedia, mee verschidde Useren hu speziell Funktiounen, dat sinn d'Administratoren. Si kënne Säite läschen a blockéieren, an och en anere User spären. Administratore ginn normalerweis duerch allgeméngen Accord gewielt, wann d'Noutwännegkeet besteet.
D'Bureaucrate si lokal Administratoren déi engem anere User Administrator-Rechter kënne ginn. D'Stewards kënnen de Status vun all User um ganze Wikimedia Projet änneren.
Dësen administrative Status huet keng weider Konsequenzen op de concernéierte Leit hir Aarbecht als Editeur.
Wat ass den Intérêt fir matzemaachen ?
Léieren an Deelen.
Funktionéiert et ?
Ganz gutt esouguer ! Mir hu schon eng ganz Rëtsch Artikelen opweises an et ginn der ëmmer méi. (Kuckt heizou och d'Statistik)
Wikipedia ass déi meeschtbesichten enzyklopedesch Homepage op der Welt an och dee gréisste Wiki. D'Unzuel vun Artikelen an enger anerer Sprooch wéi Englesch huet déi englesch Wikipedia ewell iwwerholl.
Sinn all Wikipediaen um selwechte Server ?
Jo an nee. Bis de Summer 2002 wor nëmmen déi englesch Wikipedia an der phase 3 (drëtt Versioun vun der Software) an déi aner Wikipediae woren op engem anere Server. D'Wikipediaen déi an d'drëtt Phase komm sinn, goufen am Hiescht 2002 lues a lues beienee gefouert.
Am Fréijoer 2003 koum en zweete Server zur Ennerstëtzung bäi, an déi englesch Wikipedia wor op en Neits vun deenen anere getrennt.
Am Hiescht 2003 sinn duerch en immensen Traffic d'Käschten enorm an d'Luut gangen, an et ginn Donatiounen ugeholl.
Den 13. Februar 2004 sinn 9 nei Servere bäikomm. Sie stinn all Wikipedia zur Verfügung.