796
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
791 | 792 | 793 | 794 | 795 | 796 | 797 | 798 | 799 | 800 | 801
Dës Säit befaasst sech mam Joer 796.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Evenementer
- De Pippin (Jong vum Karel dem Groussen) klappt d'Awaren tëscht Donau an Theiss an eruewert hir Haaptbuerg („Ring“). Hie grënnt d'Awaremark (zanter ca. 567 Awareräich). D'Gebitt ëstlech vun der Theiss fält un d'Räich vun de Bulgaren.
- Eng Bëschofskonferenz leet als Grenzlinn fir d'Diözese vu Salzburg an Aquileia am Gebitt vun de Slowenen déi d'Franken am Laf vun den Awarefeldzich ënnerworf hunn, d'Drau fest.
- Nei Opstänn vun de Sachsen géint d'fränkesch Friemherrschaft.
- Den Alkuin verléisst den Haff vum Karel de Groussen a gëtt Abt vu Saint-Martin de Tours.
- Kent notzt den Doud vum Kinnek Offa vu Mercien, fir mam Eadbert III. Praen en eegestännege Kinnek ze proklaméieren. Hien herrscht allerdéngs nëmmen zwee Joer bevir Mercien d'Kontroll iwwer Kent nees zeréckgewënnt, an den Eadbert oofsetzt.
- A Mercie gëtt de Coenwulf Nofolger vum Kinnek Offa, den Ecgfrith gëtt Matherrscher.
- Nom Doud vum Aethelred I. gëtt aus éischt den Osbald säin Nofolger um Troun vun Northumbria, mee dëse gëtt nach am selwechte Joer duerch den Eardwulf oofgeléist.
- Den Eanbald II. gëtt neien Äerzbëschof vu York als Nofolger vum Eanbald I.
- Den Al-Hakam I. gëtt Emir vu Córdoba. Hien ass den Nofolger vu sengem Papp Hischam I.. D'Trounrivale Sulayman an Abdallah gi mat enger Deelherrschaft am Oste vu Spuenien ooffond.
- A Syrien kënnt et zu enger (erfollegloser) Erhiewung géint d'Herrschaft vun den Abbasiden.
- Bronschofen, Jonschwil an Themar gi fir d'éischt urkundlech ernimmt.