Aërope
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Aërope (iwwsat: "déi mam niwwelwäisse Gesiicht") war an der griichescher Mythologie d'Duechter vum Katreus, dem Kinnek vu Kreta, an d'Schwëster vum Klymene, vum Apemosyne a vum Althaimenes. Si war d'Fra vum Kinnek Atreus vu Mykene (no enger anerer Versioun war si fir d'éischt d'Fra vum Pleisthenes), d'Maîtresse vu sengem Brudder Thyestes a Mamm vum Agamemnon, Menelaos an Anaxibia.
Well dem Katreus viraussgesot gi war, datt en duerch d'Hand vun engem vu senge Kanner stierwe géif, huet en si an hir Schwëster Klymene vu Kreta verbaant andeems en se an d'Sklaverei verkaaft huet wou se schliisslech vum Atreus, dem Jong vum Pelops opkaaft gi sinn.
Si huet dem Thyestes Zwillinge gebuer déi den Atreus spéider ëmbruecht huet an hierem Papp z'iesse ginn huet.
Griichesch Mythologie – All d'Artikelen op der Wikipedia zu der griichescher Mythologie. |