Alphard (Stär)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Alphard (aus dem arabeschen (ar|الفرد) al-fard "Deen eleng steet") ass d’Bezeechnung vum Stär Alpha Hydrae, den hellste Stär am Stärebild Hydra (Waasserschlang). Den Alphard huet eng schäinbar Hellegkeet vun +1,98 mag an ass op enger Distanz vun 100 Liichtjoren. Den Alphard ass een orangeroude Risestär vum Spektraltyp K3 mat enger absoluter Hellegkeet vun -1,8 mag. Alphard huet ca. déi 400-fach Liichtkraaft vun der Sonn. Seng Surfacetemperatur huet 4.000 Kelvin. Hie gehéiert mat engem Duerchmiesser, deen eis Sonn ëm dat 40,8-facht iwwersteigt, zu den Orangerouden Risestäre.
Koordinaten (Äquinoktium 2000)
- Rektaszensioun 9h25m10s
- Deklinatioun -8°26'0"