Amphion
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dëse Mythologiesartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Den Amphion an den Zethos waren an der griichescher Mythologie Zwillingsbridder, Jonge vum Zeus a vum Antiope. No hirer Gebuert si si um Bierg Kithairon ausgesat ginn (well d'Antiope net bestued war), awer vun Hierte fonnt an opgezu ginn. Si haten zwee komplett verschidde Charakteren.
Den Amphion huet sech éischter de Muse gewidmet an huet groussarteg d'Lyra gespillt (déi e jee no Versioun vum Hermes, vum Apollo oder vun de Muse geschenkt krut). Den Zethos ass zu engem dichtege Jeeër an Athlet ginn.