Antoni Gaudí
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Den Antoni Gaudí i Cornet gebuer de 25. Juni 1852 zu Reus bei Tarragona; a gestuerwen den 10. Juni 1926 zu Barcelona), war e katalaneschen Architekt an e gudde Vertrieder vum katalanesche Modernismus.
[Änneren] Säi Liewen
Vun 1863 bis 1868 geet de Gaudí an d’Klouschterschoul Colegio de los Padres Escolapios zu Reus. Duerno studéiert hien um Instituto de Enseñanza Media a besicht Virbereedungscoursen fir Archtektur op der wëssenschaftlecher Fakultéit vun der Universitéit Barcelona.
Vun 1873 bis 1877 studéiert hien Architektur an der Escuela Provincial d’Arquitectura zu Barcelona a schafft niewebäi bei verschiddenen Architektebüroën, ënner anerem beim Francesc de Paula del Villar Lozano, fir Souen ze verdéngen.
De 15. Mäerz 1878 kritt hie säin Diplom als Architekt a mécht duerno säin eegenen Architektebüro op.
Duerch eng intensiv Zesummenaarbecht mam Architekt Joan Martorell, kënnt de Gaudí an en enke Kontakt mat der neigotescher Architektur.
1883 iwwerhëlt de Gaudí, op Virschlag vum Joan Martorell, d’Archtekturaarbechten fir de Bau vun der Sagrada Familia vum Francesc de Paula del Villar Lozano, dem Architekt vun der Diozees, a schafft 43 Joer laang, bis zu sengem Doud, un deem Projet.
De 7. Juni 1926 gëtt de Gaudí bei engem Spadséiergank vun engem Tram ugestouss a stierft dräi Deeg méi spéit an engem Spidol zu Barcelona.
[Änneren] Iwwer de Gaudí
Säi Frënd a Mataarbechter Joaquim Torres huet hien als "genialste vun allen Architekten" bezeechent.
[Änneren] Séng Wierker
- Bellesguard, Barcelona, 1900-1909
- Bëschofspalais Astorga, Léon, 1887-1893
- Wäikeller Guëll, Garaff bei Sitges, 1895-1901
- Casa Batlló, Barcelona, 1904-1906
- Casa Calvet, Barcelona, 1898-1899
- Casa de los Botines, Léon
- Casa El Capricho, Comillas bei Santander, 1883-1885
- Casa Milà, Barcelona, 1906-1912
- Casa Vicens, Barcelona, 1883-1888
- Colegio de las Teresianas, Barcelona, 1888-1889
- Finca Güell, Barcelona, 1884-1887
- Finca Miralles, Barcelona, 1901
- Kathedral Palma (Renovéierungsaarbechten), Palma de Mallorca, 1903-1914
- Krypta Colònia Güell, Santa Coloma de Cervelló, 1898-1917
- Palais Güell, Barcelona, 1886-1888
- Park Güell, Barcelona, 1900-1914
- Templo Expiatorio Sagrada Familia, Barcelona, 1883-1926