Bascule
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Bascule ass e franséischt Wuert dat sech an der lëtzebuergescher Sprooch agebiergert huet, an eng Wo bezeechent. D'Wuert dat am Franséischen nach vill anner Saache bezeechent gëtt am lëtzebuergesche gebraucht bei elektresche Schaltungen (do awer och FlipFlop genannt), a fir Woen déi grouss Chargen, wéi Gefierer oder schwéier Päck ze weien hunn.
Den Numm vun der Wo kënnt duerch den Hiewelsystem mat deem se fontionnéiert an dee basculéiert.
Basculë fir Gefierer ware fréier op all Gare ze fanne, wou Materiel am Lassenen op Camionen ëmgeluet gouf. Mat dem Verschwanne vun den Eisebunnsstrecke an duerch den direkte Camionstransport sinn se méi rar ginn. Et fënnt en dar awer nach iwwerall do wou Camione musse gewie ginn, wéi a Steekaulen, an Häfen, a verschiddentlech nach op Garen, oder bei Kuelenhändler.
Modern Basculë fir schwéier Laaschte kënnen haut transportabel sinn, a ginn haaptsächlech bei Verkeiéerskontrollen agesat. Obschonns se net méi iwwer den Hiewelsystem fonctionnéieren, hunn se den Numm behalen.
Fir d'Moosse vun de Charge beim Verluede méi einfach ze maachen, a fir eng direkt Kontroll ze hunn, gi Basculen och direkt a Krane mat agebaut, oder si kënnen tëscht dem Seel vum Kran an der Charge agehaange sinn. D'Elektronik erliichtert bei deene modernen Apparaten d'Ofliesen an d'direct Enregistréieren op e Recheprogramm.
Déi bekanntest Bascule ass wuel déi, déi op de Millen an op Bauerhäff gebraucht gouf fir Fruucht oder Miel a Gromperen ze weien. (Kuckt w.e.g d'Dikussiounssäit).