Bath
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
![]() |
Dëse Geographiesartikel zu Groussbritannien an Irland ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Bath ass eng Stad am Südweste vun England, an der Grofschaft Bath an Nordost Somerset. Bath ass vierun allem bekannt fier seng waarm Bieder (dohier den Numm vun der Stad) a seng Georgianesch Architektur, an zielt zu deene schéinste Stied a Groussbritannien.
[Änneren] Geographie
Bath läit an engem Dallkessel, emgi vun den Hiwwele vum Somerset, um Floss Avon. Et ass och déi eenzeg Plaaz a Groussbritannien, wou ee waarm Waasser Quelle fënnt.
Bath huet 84.000 Awunner (2001).
[Änneren] Geschicht
Schon zu Réimerzäite war d'Stad ënnert dem Numm Aquae Sulis bekannt an eng vun deene gréisste Réimesche Siedlungen a Groussbritannien. Déi réimesch Bieder sinn nach haut, deelweis renovéiert, ze gesinn.
[Änneren] Kuckeswäertes
Déi ganz Stad ass iwwerséit mat wäisse Gebaier aus der Georgianescher Period.
