Benjamin Blümchen
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Benjamin Blümchen ass eng Zeechentrickfigur aus dem Haus KIDDINX Online GmbH aus Berlin, Däitschland.
De Benjamin Blümchen ass en Elefant, dee schwätze kann an dee stänneg Aventuren erlieft, meeschtens mat sengem zéngjäeregen, mënschleche Frënd Otto. Dacks iwwerhëllt en e spezielle Beruff, deen en, wéi dat a Kannerhéierspiller a -filmer esou üblech ass, mat Bravour meeschtert.
Der Geschicht no lieft de Benjamin Blümchen an engem Zoo zu Neustadt. An der Folleg 04 In Afrika gëtt ee gewuer, datt seng Grousselteren aus Tansania stamen, aus engem Duerf bäi Dar es Salaam. De Benjamin selwer gouf awer - grad wéi seng Elteren - am Zoo gebuer.
Erfonnt gouf d'Figur vum Benjamin Blümchen vum Elfie Donnelly, déi och d'Hex Bibi Blocksberg geschafen huet. Déi spéit Follege vum Benjamin Blümchen goufen net méi vum Elfie Donnelly geschriwwen, wat ee leider och däitlech mierkt.
Zënter 2003 ass de Benjamin Blümchen d'Markenzeeche vum CentrO.PARKs zu Oberhausen.
[Änneren] Index vun den Héierspillfollegen
|
|
|
|