Bernard Haal
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Bernard Haal, gebuer de 25. November 1832 zu Gréiwemaacher a gestuerwen de 5. Oktober 1913 an der Stad, war kathoulesche Geeschtlechen.
Den Haal huet 1864 de Kathoulesche Geselleveräi gegrënnt, vun deem hie fënnef Joer President war, ier säi Brudder François dee Posten iwwerholl huet. De Bernard Haal gouf 1869 Professer am stater Kolléisch a war vun 1876 un Dechen an Doumpropst an der Stad.
Um Belair ass eng Strooss nom Bernard Haal benannt.