Biermösl Blosn
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Biermösl Blosn ass eng Bayresch Musekgrupp, déi 1976 vun de Well-Bridder gegrënnt gouf an Bayresch Volleksmusek a Mondaart mat politeschen a satireschen Texte verbënnt.
[Änneren] D'Equipe
D'Bridder Hans, Christph a Michael Well sinn dräi vun de 15 Kanner vun der Schoulmeeschterfamill Well vu Günzlhofen, engem Duerf tëscht München an Augsburg.
Den Hans oder "Hansi" Well, gebuer den 1. Mee 1953 zu Willbrechtsszell sollt fir Schoulmeeschter léieren, mee e konnt, wéi et op hirer Websäit heescht "an der Biermösl Blosn mat Succès resozialiséiert" ginn. Hie spillt Gittar, Harmonika, Saxophon, Braatsch, Cor an Alphorn.
De Michael, oder "Michal", den 13te Well gouf den 10. Oktober 1958 zu Günzelhofen spillt Bariton, Tuba, Flütt, Banjo, Dullemajik, Cello, Cor a Bariton-Alphorn.
De Christoph, oder "Stopherl", ass den 3. Dezember 1959 als zweetleschte Well zu Günzelhofen gebuer, huet Trompett an Harf studéiert. No dräi Joer bei den Münchner Philharmoniker als Solotrompettist spillt hien Harf, Gei, Gittar, Wäschbriet, Zither, Dudelsak, Tuba, Cor a Sopran-Alphorn.
[Änneren] Biermö.. wat?
"Biermösl" kënnt vum "Biermouer" dat zum "Haspel-Héichmouer" bei München gehéiert. "Blosn" ass e bayeresche Begrëff fir eng Clique, eng Grupp.
[Änneren] CDen
- 1980: Ex voto
- 1982: Grüß Gott, mein Bayernland
- 1985: Tschüß Bayernland
- 1987: Freibank Bayern (mat dem Gerhard Polt)
- 1991: Jodelhorrormonstershow
- 1994: Wo samma
- 1998: Wellcome to Bavaria
- 2002: Räuber & Gendarm
- 2002: Der unbekannte Valentin (mat dem Gerhard Polt)
- 2003: Unterbayern