Biwels
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
|
||||
---|---|---|---|---|
![]() |
||||
An anere Sproochen | fr.: Bivels de: Bivels |
|||
Gemeng | Pëtscht | |||
Buergermeeschter | Jean Kinn | |||
Kanton | Veianen | |||
Awunner | 74 | |||
Koordinaten | ?° 49’ 57’’ 33, N° 6’ 11’’ 30 | |||
Uertschaften - Gemengen - Stied |
Biwels ass eng Uertschaft an der Gemeng Pëtscht.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Geographie
Biwels, e klengt Duerf am Naturpark Our, läit eng 3 km nërdlech vu Veianen um Stauséi vun der Our. Dëst fréiert Bauerenduerf, dat emol eng Kéier als äermst Duerf vum Land ugesi gouf, huet sech zu engem klenge Bijou verwandelt. Wéi d'Talsperr Ufank vun den 1960er Joere gebaut gouf, ass een Deel vum Duerf op engem kënschtlesche Plateau nei opgeriicht ginn. Déi nei Haiser an d'Kierch leien elo um Bord vun engem 150 m breede Stauséi, ëmzéngelt vun gréngen Hiwwelen.
Déi fréier Duerfschoul gouf 1996 zu engem Gîte rural ëmgebaut, dee sowuel Wandergruppen an Touriste wéi och kleng Séminairen a Familjefeieren emfänke kann.
[Änneren] Geschicht
[Änneren] Kuckeswäertes
- Vun der Loch aus (N10) : schéine Panorama op d'Ourdall mam Schlass Falkesteen am Hannergronn;
- Point de vue Victor Hugo um Läichewee a Richtung Uewerbecken um Niklosbierg;
- Schéi Wanderungen ronderëm dem Stauséi vun der Our.
[Änneren] Literatur
- Jacoby, Lex, 1999. - Bivels-unter-der-Our, in: Lëtzebuerger Almanach vum Joerhonnert, S.378-389. Ed. Guy Binsfeld, Luxembourg.
- Meier, Paul-Maria, 1993. - Bivels. 228 S., Ed. Borschette, Christnach.
- Ries, Adrien, 1978. - Bivelser Tagebuch. 127 S., Sankt-Paulus Druckerei, Luxemburg.