Braunlauf (Baach)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D’Braunlauf ass eng Baach an der Provënz Léck. Si ensteet aus dem Zesummefloss vun zwou klenge Baachen dem Rossbach, an enger Baach ouni Numm, an enger Supp 900 m nërdlech vun der Uertschaft Maldingen op enger Héicht vun 468 m (ING Belsch). (Koordinate vum Zesummelaf : 50° 14' 22 Nord , 6° 02' 02 Ost).
Si leeft vun do aus no Osten a Richtung Braunlauf a muss duerfir ënner der aler Eisebunsslinn N° 163 erduercht. Ronn 1.500 Meter hanner Braunlauf kritt se Gesellschaft vum Mittelbach, an 2 km duerno vum Moderbach. No engem Laf vun 11 km, an 1 km südlech vu Breitfeld kënnt vu lénks de Prümerbach dran . Vun hei un dréint d’Braunlauf no Süden a Richtung Neidingen vir dann an engem schmuelen Dall weider laanscht Lommersweiler ze lafen.
Kuerz no Lommersweiler kënnt da vu riets nach den Hasselbach dran, a 1.700 Meter méi déif leeft se dann op enger Héicht vun 376 Meter bei der däitsch-belscher Grenzmaark N° 163 an d’Our . Hir Totallängt ass 16.750 m.