Carl Michael Bellman
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Dësen Artikel zu engem Auteur ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
De Carl Michael Bellman, gebuer de 4. Februar 1740 zu Stockholm a Schweden, an do gestuerwen den 11. Februar 1795 war e schwedeschen Dichter. Hie gëllt als de schwedeschen Nationaldichter.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Säi Liewen
[Änneren] Säi Wierk
Dem Bellman seng Haaptwierker si béids Liddersammlungen:
-
- Fredmans epistlar (Dem Fredman seng Epistelen) mat 82 Lidder, 1790 zu Stockholm erauskomm, an ee Joer drop
- Fredmans sånger (Dem Fredman seng Lidder) mat 65 Lidder.
De räichen Auermécher vum Haff Jean Fredman, deen de Branntewäin an an onglécklecht Bestietnes an de Kulang bruecht haten, gouf den 13 Mee 1767 begruewen. Knaps e Joer duerno war hien d'Haaptpersoun vum Bellman senge Lidder. Eleng d'Spillerei mat den Nimm Bellman (bellum = Krich) a Fredman (= Friddensmann) weist op dem Bellman säin Alter ego hin. De Bellman war e Kand vun der Opklärung an hien hat ënner anerem Freed drun, fir mat villem de Spunnes ze maachen. Seng Lidder ware Sauflidder, Lidder iwwer d'Léift an iwwer den Doud.
[Änneren] Editiounen
[Änneren] Op Schwedesch
- Samlade skrifter, (Sämtlech Wierker), erausgi vum Jaon. Gabr. Carlén, Stockholm, 1861, 4 Bänn.
- Skriften (Schrëften), erausgi vun der Bellamn-Gesellschaft, Stockholm, 1927, 8 Bänn.
- Standardupplaga utgiven av Bellmanssällskapet, Stockholm, 1921-2004, 21 Bänn.
[Änneren] Iwwersetzungen op Däitsch
- Der schwedische Anakreon, erausgi vum Adolf von Winterfeld 1856 zu Berlin, war déi éischt däitschsproocheg Editioun vu Bellman-Lidder.
Déi bekanntesten Iwwersetzunge stame vum Carl Zuckmayer, deen 1938 och dem Bellman säin Theaterstéck Ulla Winblad erausbruecht huet, vum Fritz Grasshoff, engem Brudder am Geescht a vum Hans Carl Artman, deen 1976 mam Michael Korth bei Heimeran eng zweesproocheg Auswiel erausginn huet mat Texten, déi ee ka sangen.
[Änneren] Schallplacken
Dem Bellman seng Lidder goufe vu villen däitsche Sänger interpretéiert:
- Carl Raddatz, 1965.
- Manfred Krug, 1974 an 1997.
- Harald Juhnke. 1976 an 1996.
- Dieter Süverkrüp, 1996.
- Hannes Wader, 1996.