Centre Culturel de Rencontre Abbaye de Neumünster
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
1606 gouf ugefaang mat dem Bau vun der Abtei Neimënster, nodeems d' Benediktinerabtei Almënster schwéier beschiedegt gi war.
D'Gebaier ëmfaassen d'Kierch St. Jean a véier Gebaier, déi ronderëm e Bannenhaff leien. Fir d'éischt war d'Klouschter e Militärhospiz bis 1867, duerno bis 1980 Männerprisong. Hautesdags ass et e sozio-kulturellen Zentrum.
[Änneren] De Kräizgank vun der Abtei
De Kräizgank vun der Abtei ass ageriicht ginn, fir eng Daueraustellung vum Lucien Wercollier senge Skulpturen ënnerzebréngen. Do sinn iwwer 20 Wierker a Bronz, Alabaster an am Marmer all Dag vun 11h00 bis 18h00 bei fräiem Entrée bei beschte Liichtkonditiounen ze gesinn.