New Immissions/Updates:
boundless - educate - edutalab - empatico - es-ebooks - es16 - fr16 - fsfiles - hesperian - solidaria - wikipediaforschools
- wikipediaforschoolses - wikipediaforschoolsfr - wikipediaforschoolspt - worldmap -

See also: Liber Liber - Libro Parlato - Liber Musica  - Manuzio -  Liber Liber ISO Files - Alphabetical Order - Multivolume ZIP Complete Archive - PDF Files - OGG Music Files -

PROJECT GUTENBERG HTML: Volume I - Volume II - Volume III - Volume IV - Volume V - Volume VI - Volume VII - Volume VIII - Volume IX

Ascolta ""Volevo solo fare un audiolibro"" su Spreaker.
CLASSICISTRANIERI HOME PAGE - YOUTUBE CHANNEL
Privacy Policy Cookie Policy Terms and Conditions
Cercle des étudiants luxembourgeois à Liège - Wikipedia, déi fräi Enzyklopedie

Cercle des étudiants luxembourgeois à Liège

Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.

Image:Qsicon Ueberarbeiten.png Dësen Artikel entsprécht net de Wikipedia-Kritere fir en enzyklopedeschen Artikel. Dëst kann dru leien datt Schreif- oder Tippfeeler dran ze fanne sinn, oder en nach net nom Stil vun engem Wikipedia-Artikel formatéiert gouf. Et kann och sinn, datt den Inhalt net an eng Enzyklopedie gehéiert, sou wéi en am Moment do steet. Fir ze verhënneren datt dësen Artikel eventuell geläscht gëtt, muss en onbedéngt iwwerschafft ginn.

Lestle ass den Akronym vu Lëtzebuerger Studenten zu Léck (Cercle des étudiants luxembourgeois à Liège).

Inhaltsverzeechnis

[Änneren] Geschicht

1. Intro

Viru groher Viirzäit eng Kéier, hun lëtzebuerger migrant Studenten séch wuel och zu Léck néiergelooss. Méiglecherweis woren deemols entweder d’Schrëftzeechen nach nët erfonnt, oder all Vestigen déi un hiere Passage zu Léck erënneren si schon laang zu Stëps zerfall, jiddefalls ass vun dëse Pionéier kéng Spuer méi an eisen Archiven opzedreiwen.

2. « Déi gudd al Zäit »

Déi éischt Kéier dass mir Lëtzebuerger zou Léck aktekundeg goufen wor am Joer 1868. Deemols huet e Grupp vu Studenten eng Amicale gegrënnt, déi an enger oofgewandelte Form nach haut existéiert : d’LUXE. Si huet all Studente regroupéiert déi aus der Province de Luxembourg an dem Grannduchi koumen. Et muss e wëssen dass ët zu där Zäit eng Stréimung am jonke Grand-Duché gouf déi vir e Rattachement vum Roude Léif un d’Belge wor. Sou war ët och nët verwonnerlech wann déi deemolech Studenten zu Léck op enger zimlech royalistecher Schinn gefuer sin an den Zesummeschloss matt hieren belsche Kollegen aus der Province de Luxembourg d’Konsequenz wor. Nujee, aus dem Zesummeschloss matt der Belge as jo bekanntlech näischt gin, an sou war ët och nëmmen eng Fro vun der Zäit bis och d’lëtzebuerger Studenten zu Léck hieren egene Cercle gegrënnt hun.

Daat wor am Joer 1898, drësseg Joer duerno. Dee Club haat awer eng ganz aner Struktur wéi d’LESTLE, wéi mer se haut kennen. Eischtens waren absolut keng Fraen an dem Club vertrueden, et war éischter en «Gentleman’s Club», wou sech räich jonk Männer erëmfonnt hun vir zesummen kulturell Aktivitéiten ze genéissen, Politik ze diskutéieren, an sech ënner Lëtzebuerger vollafen ze loossen (mee do divergéieren si nët matt der heiteger LESTLE). Am Géigesaatz zu hieren preisechen Noperen, waren si awer keng «Burschenschaft», a reaktionär Iddien hun si och nët vertratt.

Wéi gewosst haaten deemols nëmmen déi räich Kanner (nëmme Jongen), d’Gelegenheet studéieren ze goen, an deementspriechenend war dann och d’Kompositioun vun Club. Waat d’Studien ubelaangt déi vun de Lëtzebuerger deemols zu Léck bedriwwen goufen, sou kann e soen dass ët zu wäit iwwer 90% Ingénieure woren, déi zu Léck am Carré am Krees gedréiht sin. Virun allem d'Metallurgie an den Ingénieur des Mines woren déi Zäit hei zu Léck beléiwt. Ausserdem hun nach e puer Leit Sciences Naturelles an Lettres et Philosophie zu Léck studéiert. Un där Konstellatioun huet sech laang Zäit näischt geännert. Während dem éischte Weltkrich huet d'Zuel vun de Lëtzebuerger zu Léck erstaunlecherweis drastech ofgehol: si huet no Null tendéiert. Et ass unzehuelen, dass während der Zäit wou ët zu Léck kee Student gouf, ët och kee Clubliewen méi gouf.

3. Vun de wëllen Zwantzeger bis zu de schreckleche Véierzeger

Nodeems de Wëllem an Däitschland den Zepter ofgin haat, an nodeems d’Noperen hier Wonne geleckt haaten, sin dun och erëm d’Studentenzuelen op den Unien queech durch Europa nees an d’Luut gaangen.

Sou koum ët dass séch och erëm Lëtzebuerger zu Léck erëmfonnt hun. Während den 20er Joeren war Léck matt Paräis a Bréissel souguer déi beléiwsten Uni ënner dem Charlotte sengen Sujeten. An, nodeems dun d’Fraen och zu Lëtzebuerg d’Stëmmrecht kruten, hun sech der och e puer vun hinnen no a no op der Uni zu Léck erëm fonnt: di éischt Studentinnen aus Lëtzebuerg hun awer nët wéi hier männlech Kompatrioten Ingénieur studéiert, mee Philo et Lettres. Am Club «les Etudiants Grand-Ducaux de Liège», den nom Krich erëm aus der Wéih gehuef gouf, waren si awer nach nët vertrueden. An dëser Zäit gouf och den «tablier» als Folklors-Gezei erfonnt. Nodeems d’Penne ursprünglech eng Kaap wor matt derer d’Studenten an de Cours gaange sin, an déi se och owes ugdoen hun fir am Carré erëmerkannt ze gin, hun sech eng Reih Facultéits-Cerkelen, déi och an den 20er entstaane sin, un Ulehnung un d’Togen vun hiere Proffen, fir d’Fester vu St.Nicolas an St.Torré och Togen «gebastelt». Dës Togen an Tablieren hun d’Faarwen vun der Facultéit gedroen, (daat man se zum Deel nach haut). De wäissen Tablier vun de Studenten wéi mer en haut kennen koum eréischt an de 60er Joren op, wéi d’Zuel vun de Studenten beträchtlech gestiegen as. Och d’Lëtzebuerger hun an dëser Zäit gudd mattgemëscht, si waren Deel vun der deemoleger Studente-réunioun, de Virleefer vun der heiteger AGEL.

Wéi gewosst waren 20er eng Zäit wou Europa eng gewësse Stabilitéit kannt huet, wou nom Krich erëm opgebaut gouf, an d’Studenteliewen zu där Zäit war relativ einfach. Ausserdem woren all Diplomanden sécher eng Aarbechtsplaatz ze fannen wann se zeréck op Lëtzebuerg koumen (dovun emol ofgesin, dass déi meescht souwisou nach ëmmer aus räiche Familien koumen). Du koum den zweete Weltkrich.

Nom 2. Weltkrich : Grënnung vun der LESTLE

Nodeems d’Russen an d’Amerikaner dem Hitler endlech de Garaus gemaach haten, koum alt erëm eng Kéier d’Zäit fir Europa opzebauen. Och d’Lécker Uni huet nom Krich erëm geschwënn fonktionéiert, an déi éischt Lëtzebuerger zu Léck hun 1947 schon erëm studéiert. De Club vun de Lëtzebuerger ass ët dun awer nach nët gin, et hun sech zwar e puer vun «eise Jongen» erëm getraff, mee ët huet een bis 1950 misse waarden bis si séch eng Struktur gin hun. Dun sin si och zu Léck nees am Studenteliewen opgefal. Déi al Facultéitscercelen hun och dem Folklor Regele gin (déi se leider nach haut applizéieren), respektiv si hun al «Kneip-Regelen» aus der Vergaangenheet iwwerhol, zum Beispill d’Chants, matt sénge Regelen, de «Gueule en terre», etc., alles Saachen déi d’Lëtzebuerger oofgelehnt hun an déi se bis haut nach ooflehnen. Durfir sin si awer an de folgenden Joeren ëmmer méi als Paria behandelt gin. D‘ AGEL (Association Générale des Etudiants de Liège) as dunn aus der Réunion vun de Facultéitscercelen entstanen, an d’Régionalen wéi d’Luxe, d’Paludia (d’Réunioun vun de germanophone Belge, jo, och déi gouf ët schon) an och mir Lëtzebuerger sin do nët Member gin. Et muss en awer wëssen dass d’AGEL am Ufank méi e Pobeiertiger war, e lassenen Zesummeschloss vun de Cercelen, vir méi Pouvoir bei de Verwaltungsinstanzen op der Uni ze kréien, wann ët drëms gaangen ass Säll zur Verfügung gestallt ze kréien, St.Nicolas z’organiséieren, a matt de Festivitéiten vun de jeweilegen Cercelen laanschteneen ze kommen.

1955

An dësem Joer ass d’ LESTLE gegrënnt gin, wéi mer se haut kennen. D’Struktur vum Club ass nach bal di selwecht, eng Reih Aktivitéiten déi mer haut nach maachen gouf ët och deemols schon. De Comité huet demols esou ausgesin : Präsi, Vize-Präsi, Keessier, Secrétaire, Folki (jo, e Baptême gouf ët duns och schon), an en Délégué aux Fêtes. Desën Délégué haat deemols eng wichteg Aufgab, ausser de Baler déi z’organiséiere woren, huet hien sech ëm déi nei Studenten gekëmmert. Deemols war ët natiirlech nët esou, dass déi meescht en Auto haaten an e puer Mol op Léck komm sin vir sech alles unzekucken, vir sech anzeschreiwen a vir all aner Formalitéiten ze erledegen. Di nei Lëtzebuerger déi eropkoumen, hun sech un de Club gewandt an sin do e bëssen matt der Hand geholl gin, si kruten d’Staad gewisen, hun zesummen all Formalitéiten erledegt, an sin och an d’Clubliewen agefouert gin. Ausserdem hun déi meescht Lëtzebuerger deemols, virun allem an hieren éischte Joeren, am Home Ruhl gewunnt (de Sart Tilman stoung nach nët, of course), an och do goufen si dann an «d’Famill» opgeholl. Ausserdem sin déi meescht d’Weekender nët heemgefuer, sou dass de Kontakt matt de Kommilitonen vill méi grouss war, sin hun hier Fräizäit ëmmer zesumme verbruecht. Ausserdem haat och keen TV, sou dass sech alles am Clubcafé oofgespillt huet. Wahrscheinlech haaten se och méi Zäit vir ze léieren... Mee, dass si awer zäitweileg och déconnéiert hun weist eis hiert éischt Folklorsbuch aus dem Joer 55, daat nach haut erhalen ass, a wéi eng Relique vum aktuelle Comité versuergt gëtt. Ausserdem haat de Comité deemols nach kee Sportsminister, déi Charge gouf bei enger Reforme vun de Statuten eréischt 1963 agefouert, des Statuten sin an hieren grousse Linnen nach haut valabel. Ausserdem gouf dun den Délégué aux Fêtes an Délégué aux Candidatures ëmbennant. Waat d’Compositioun vun de Memberen ubelaangt, sou war ët nach ëmmer esou dass bal nëmmen Jongen zu Léck studéiert hun, an zwar meeschtens Ingénieur. Mee ët huet en awer konnte feststellen, dass d’Studenten nët exclusiv aus räiche Famillen méi komm sin, nom Krich hun dun endlech och Aarbechterkanner Accès zu héige Studien kritt. Eng Konsequenz dovunner wor dass am Clubliewen en neit Thema opkoum, de «manque chronique d’argent», wéi déi Pionnéier daat an hierem Folklorsbuch genannt haaten. War et zwanzeg Joer virdrun nach esou dass de Club vun de Ressourcen vun sengen Memberen gelieft huet, sou koum dach elo d’Zäit vir duerch verschidden Manifestatiounen d’Clubkees ze fëllen. Esou ass dunn de Lécker Bal ëntstanen an d’Soirée Luxo hei zu Léck, déi an de 50er an de 60er d’Haaptquelle waren fir Fongen ze sammelen fir d’Chopes Sociales ze bezuelen.

Grouss Neiegkeet dunn 1955, den éischte weibleche Member huet sech an de Club eragetraut.

Vu 55 bis an d'70er

Nodeems an de Mëtt 50er matt groussem Elan de Club an eng Struktur eragpresst gouf, an der en haut nach stëcht, konnt een an de folgende Joeren gesin wéi déi Strukturen sech gefestegt hun, an zu den Traditiounen vun haut goufen. Sou huet 1957 de éischten Footballs-Tournéier stattfonnt, zweschen Léck-Oochen an Louvain (Bréissel huet du scheinbar nach nët existéiert ?). Ausserdem hun d’Lécker 7-1 géint Oochen verluer (Gottseidank sin déi Zäiten och laang eriwer).

De Lécker Bal huet deemols de 29 Dezember stattfonnt, an en huet Nuit de la Penne geheescht well ët e Studentebal wor, an d’Pennen do ugedoen goufen. Daat misst en haut Sylvester mol probéieren! De Comité huet op der Bühn all d’Studente-chanten gesongen. Ausserdem wor en deemols schon um Lampertsbierg an der Hal Victor Hugo, wou en haut och erëm ass. An de 60er Joren war de Lécker Bal dun e puer mol zu Esch am Casino, mee déi faute de goût gouf och erëm rectifiéiert.

D’Studenten- a Clubliewen ass och ëmmer e Spigel vun sénger Zäit gewiescht. Sou hun Enn 60er an Ufanks 70er Joeren och zu Léck déi sozial-politesch Iwwerzeegungen Ënnerstëtzung fonnt déi zu enger Reform op der Uni vu Léck gefouert hun. D’Studenten kruten och zu Léck op der Uni méi Mattsproocherecht, den «Conseil des études» gouf reforméiert, eng Aide Psychologique et d’Orientation gouf op der Uni ageféiert, eng Reih sozial Servicer goufen agefouert, wéi zum Beispill eng Crèche vir eventuell Kanner vu Studenten, ausserdem goufen verschidden Restriktiounen, wéi zum Beispill den Zwang e Kostüm mussen unzedoen fir an de Cours ze goen, fale geloos (vir an d’Examen bestin awer haut nach Proffen drop, dass en sech undeet wéi wann e wëllt Bankdirekter gin). Um Beispill vun de Crèchen kann en och feststellen, dass de Poids vu de Fraen op der Uni méi grouss gin ass, genau esou wéi d’Zuel vun de Studentinnen. Och am Club hun ëmmer méi Meedercher mattgemaat.

D’70er Joeren hun awer och matt sech bruecht, dass de Folklor eng aner Qualitéit krut an där Zäit. Verschidde Memberen waren deemols der Meenung, dass daat suerglos Liewen, daat sech vollafen ze loossen, all déi Exzesser vum Baptême nët méi zäitgemäss woren, an dementspriechent huet de Folklor just nach eng kléng Roll am Clubliewe gespillt. Sou gouf an de 70er Joeren kee Folklorsbuch matt den Exploien vum Comité an de Memberen méi gefouert, an d’Lëtzebuerger (am Géigesaatz zu hiere belschen Kommilitonen) hun och an där Zäit eng Art Baptème «light» agefouert. Vill méi wichteg war deemols den Engagement sozialer a politescher Natur. Et kann e soen : «Deemols as zu Léck just nach schwéier diskutéiert gin». Ausserdem huet d’Energiekrise vu 74 matt sech bruecht dass Lëtzebuerg laang nët méi esou vill Ingénieuren gebraucht huet, an dass esou d’Ingénieursstudenten zu Léck méi Problemer kruten eng Plaatz ze fannen. Ausserdem huet zu Lëtzebuerg den Essor vun de Banken matt sech bruecht, dass och zu Léck ëmmer méi jonk Leit Economie an Etudes Commerciales studéiert hun.

Während där Zäit huet de Folklor nach ëmmer eng manner wichteg Roll gehaat. D’Soirée Luxo am Home Ruhl war deemols déi Soirée wou sech d’Lëtzebuerger all ëremfonnt hun, si huet de Kontakt op folkloristecher Basis matt denen aneren Cerclen oprecht erhalen, an demols haten se bis zu 200 Leit op dene Soiréen, wou ausser Lëtzebuerger Béier, Wäin a Branntewäin och Ham, Kachkéiseschmieren a Marylands Zigaretten offréiert goufen.

Deemols hun ronn 150 Lëtzebuerger zu Léck studéiert, dovun haaten der 60 eng Memeberskaart vum Club.

Déi lescht 20 Joer, de Countdown op 2000

Well ët Lëtzebuerg ëmmer besser gaangen ass, an duerch de fait dass ëmmer méi Universitären verlaangt goufen huet d’Zuel vun de Lëtzebuerger zu Léck an den 80er an de 90er Joeren staark zougehol.

An och d’Mentalitéit an d’Approche zum Folklor huet sech an dene leschte Joeren ërem geännert. De Folklor wéi mer en haut nach kennen, matt sengen Opdeelungen «Parrainage» (wou d’Bleuen hiere parrain, resp. marraine kréien, déi si an d’Clubliewen aféieren), Roi des Bleus (wou de beschte Bleu ermëttelt gëtt), an Baptême (matt séngen diversen Etapen a Spiller), ass dun esou organiséiert a festgeluecht gin. D’Komiteen aus den Unfangs 80er hun sech op eng Reih Traditiounen a Gebraich zereckbesannt, an esou leeft de Folklor elo säit bal 20 Joer.

Ganz wichteg, 1984 gouf de WanderFernseh agefouert. Dem deemolegen Präsi säi Fernseh haat nämlech de Geescht opgin, a fir ën nët brauchen z’entsuergen, kritt den neie Präsi de Fernseh well all Joer heembruecht vum ale Präsi, an e muss dann e Joer drop oppassen. Ausserdem huet en d’Recht säi Numm drop ze schreiwen, and daat wertvollt Emblème vun senger Präsidentschaft a Symbol vun den Traditiounen, wéi eng Relique vun eisen Ahnen ze beschützen.

Am Réckbléck kann en haut behaapten, dass d’Eenn vun den 80er an den Ufank vun de 90er Joeren déi waren wou de Club am beschten do stoung. Et waren déi Joeren wou de Club am meeschte Suen haat, a wou de Comité sech ët och nët huele geloos huet eng ganz Réih Aktivitéiten z’organiséieren déi vill Leit an de Club gezunn hun, an an dene Joren ërem en aktivt Clubliewen entstoung. Daat ganzt huet ugefaang wéi de Club sech entscheed huet de Lécker Bal vun der Hal Victor Hugo, déi dun an engem déplorablen Zoustand wor, an den neien Theater ze verleen. Et huet nët laang gedauert, well schon 1986 woren dun iwwer 2000 Leit op der Sylvester Soirée. Déi Zuel vu Gäscht ass dun bis 1991 op 3500 geklommen, domatt war de Lécker Bal déi gréissten Manifestatioun Sylvester. Natiirlech huet de Comité dun den immense Bénéfice (iwwer 1.000.000 netto 1991) derzou benotzt fir vill nei Aktivitéiten ze relancéieren. Erënnere mer just un déi mémorabel «Soirées Ex» an de fait dass de Fräibéier och soss a rauhe Quantitéite gefloss ass. Ausserdem sin dun Clubreesen integral bezuelt gin, sou dass zum Beispill 1991 iwwer 60 Memberen matt op Prag gefuer sin.

Deemols haat de Club iwwer 130 aktiv Memberen, woubäi zu Léck ronn 200 Leit ageschriwwen woren. Dëst Joer 1998/1999 waren 360 Studenten offiziell beim CPOS zu Léck ugemellt, mee de Club huet awer keng 130 aktiv Memberen.

Eng Reih aner Aktivitéiten déi an den 80er Joren organiséiert goufen, an déi zum Deel nach haut bestin, waren: de Weekend an der Fagne, den ursprünglech als relaxe Weekend an Trëppeltour geduecht wor, den awer, leider leider, am laaf vun de Joren zum gepflegten Opschott «verkomm» ass. Nodeems de Comité säit de 60er Joeren e puer Equipen um RCAE (Royal Cercle Athlétique des Etudiants) ugemellt haat, wou se all Joeres um Football, Basketball a Volleyballs Championat deelgehol hun, sin dun am laaf vun de Joeren nei Tournoien derbäikomm. An der Zäi huet all Lécker Student nach Belote geléiert, e fäine Sport wou e nierwent dem Denken och drénke konnt. An dann as während laange Joeren och Snooker gespillt gin. Vill Zoulaf haat an de läscht Joeren nach den Darts tournoi, wou zwar selten déi bescht gewonnen hun, mee meeschtens déi, déi och am 3 Auer mueres d’Scheiw nach geroden hun.

Genau esou war ët mam Kicker tournoi den an den 90er agefouert gouf, wéi de Club séng «base de repli» am Bâton ageriicht hat, a wou e Kicker stoung.

Iwwerhaapt hat de Club an sénger laanger Zäit eng ganz Reih Caféen, wou se nach spéit nuets ze fannen waren. An de 60er an an de 70er woren daat de «Café des Guillemins», wou souguer zäitweilleg e Lëtzebuerger geschafft huet, a wou och munch Studenten dann onbeabsichtegt d’Nuecht verbruecht hun. Ausserdem hun se séch och nach an der «Pierre Levée» an der rue de Serbie ëremgedriwwen. Si hun och während Joeren Etablissementer wéi de «Café de la Place», de Saloon, de «Café des Carmes», de «Paris-Brest» an de «Bistrot des halles» onsécher gemaach. Leider sin eis déi Haiser haut nët méi bekannt, mir konnten also nët novollzéien op en do gepflegt en huele kann. Vun 1977-1983 war wéi gesot d’Clubliewen zimlech onorganiséiert a vun wéineg Intérêt geprägt, vu mëtt 80 un huet de Club séch dun am «Neujean» neiergeloos, a béis Zonge behaapten dass do vill Beemercher geluet goufen, 421 gespillt gouf, an jiddefalls hun se Stella Artois gedronk.

Nodeems ët de Wiirt vum Neujean dann genuch matt de Lëtzebuerger haat, ass no laanger Sich de «Bâton Rouge» an der rue St.Gilles déi nei Heemecht vum Club gin, an de Bertrand huet d’Jongen och gudd zerwéiert. Mee, ausser Mëttwochs waren se am Carré ze fannen, an zwar am Take-off beim Jean-Paul, an der Crèmerie beim Milko, an am Spuet beim Holzkapp. Mee, wéi esou villes am Liewen huet och daat nët laang gedauert, an haut huet de Club ërem e neie Café, an zwar den «Take-off».

Wéi gesäit elo d’Zukunft aus ? Et muss en feststellen, dass den Engagement am Club vu ville Leit steht a fällt matt de Recetten déi um Lécker Bal gemaach gin. Nodeems de Lécker Bal 1998 ërem en ausserurdentleche Succès wor, an domatt déi finanziell Méiglechkeeten vum Club ërem gudd sin, ass och d’Clubliewen nees eng flott Saach. De Folklor huet sech an de läschte Joren als Traditioun festgesaat a wärt och an de nächste Joeren weider existéieren. Den enken Zesummenhalt den an de 50er a 60er Joren zwëschen de Membere wor ass haut nët méi do, an esou richteg vermësst och keen en. Jiddefalls as de Club vun de Lécker Studenten eng Institutioun gin, un déi sech vill nei Studenten all Joer wenden fir nei Kollegen kennen ze léieren a hei zu Léck Spaass ze hun.

An esou soll ët bleiwen.

by Serge Kreintz

[Änneren] Aktivitéiten

Sport:

       - Fussball; eng kéier d'Woch 
       - Basketball; och eng kéier d'Woch
       - Volleyball; idem
       - Karting; 1-2 mol pro Joer
       - Bowling; 2 mol d'Joer

Mir treffen eis eng kéier d'Woch; Mettwochs am Café "Take Off"

Bal:

    Sylvester zu Letzebuerg
    2006 um Knuedler am Zelt
    vidrun an der Victor Hogo Hall
    an nach virdrun am Theater

Clubrees:

         d'lescht Joer as se leider ausgefall an dest Joer steet nach net fest wou et higeet
         2004-2005 : Prag
         2003-2004 : Malta
         2002-2003 : Kreta
         2001-2002 : Djerba
         2000-2001 : Barcelona
         1999-2000 : Edinburgh
         1998-1999 : Dublin
         1997-1998 : London

[Änneren] Linken

[Änneren] Um Spaweck

LESTLE um Spaweck

Static Wikipedia (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2007 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu -

Static Wikipedia 2006 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu

Static Wikipedia February 2008 (no images)

aa - ab - af - ak - als - am - an - ang - ar - arc - as - ast - av - ay - az - ba - bar - bat_smg - bcl - be - be_x_old - bg - bh - bi - bm - bn - bo - bpy - br - bs - bug - bxr - ca - cbk_zam - cdo - ce - ceb - ch - cho - chr - chy - co - cr - crh - cs - csb - cu - cv - cy - da - de - diq - dsb - dv - dz - ee - el - eml - en - eo - es - et - eu - ext - fa - ff - fi - fiu_vro - fj - fo - fr - frp - fur - fy - ga - gan - gd - gl - glk - gn - got - gu - gv - ha - hak - haw - he - hi - hif - ho - hr - hsb - ht - hu - hy - hz - ia - id - ie - ig - ii - ik - ilo - io - is - it - iu - ja - jbo - jv - ka - kaa - kab - kg - ki - kj - kk - kl - km - kn - ko - kr - ks - ksh - ku - kv - kw - ky - la - lad - lb - lbe - lg - li - lij - lmo - ln - lo - lt - lv - map_bms - mdf - mg - mh - mi - mk - ml - mn - mo - mr - mt - mus - my - myv - mzn - na - nah - nap - nds - nds_nl - ne - new - ng - nl - nn - no - nov - nrm - nv - ny - oc - om - or - os - pa - pag - pam - pap - pdc - pi - pih - pl - pms - ps - pt - qu - quality - rm - rmy - rn - ro - roa_rup - roa_tara - ru - rw - sa - sah - sc - scn - sco - sd - se - sg - sh - si - simple - sk - sl - sm - sn - so - sr - srn - ss - st - stq - su - sv - sw - szl - ta - te - tet - tg - th - ti - tk - tl - tlh - tn - to - tpi - tr - ts - tt - tum - tw - ty - udm - ug - uk - ur - uz - ve - vec - vi - vls - vo - wa - war - wo - wuu - xal - xh - yi - yo - za - zea - zh - zh_classical - zh_min_nan - zh_yue - zu