Claude Lamort
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Claude Lamort gebuer de 17. Abrëll 1758 zu Nanzeg a gestuerwen de 25. Januar 1821 zu Metz, war e franséischen Drécker.
Hie goung bei den Didot an d'Léier a wor zanter 1784 Drécker zu Metz. Wéi de Ponce Cercelet, deen d'offiziell Dréckerei vun der franséischer Administratioun am Département des Forêts hat, 1802 opgehal huet, koum de Lamort op Lëtzebuerg. Am Refuge Sankt Maximäin (do, wou haut den Ausseministär ass), huet hie Gesetzer, Bicher an och de Journal officiel du département des Forêts gedréckt. 1811 hat hie sechs Presse fir Buchdrock, eng fir Gravuren, eng Librairie a Buchbënnerei.
Hie wor vun 1803 u Member vun der Loge, ma huet och kathoulesch Bicher gedréckt. Ënnert der hollänescher Restauratioun huet hien 1817 d'Dréckrei sengem eelste Jong Jacques Lamort iwwerlooss an ass hannescht op Metz gaang, wou e gestuerwen ass.
[Änneren] Literatur
- Jules Mersch: "La famille Lamort". In: Biographie nationale du pays de Luxembourg depuis ses origines jusqu à nos jours. IVe fascicule, Luxembourg 1952, p.541-580.