Code Cäsar
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
An der Kryptographie, ass de Code Cäsar eng vun den einfachste Methode fir Texter ze verschlësselen duerch Ersetze vu Buschtawen. Bei dëser Method gëtt ee Buschtaf aus dem Alphabet duerch een anneren ersat doduerch datt een d’Reiefolleg versetzt.
Zum Beispill wann een Decalage vun 3 benotzt gëtt da gëtt den A duerch den D ersat, de B gëtt E, an esou weider.
D’Method huet de Numm vum Julius Cäsar kritt, wëll hien dës Technik erfonnt hat fir mat senge Genereel ze korrespondéieren.