Coldplay
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
Coldplay | |
---|---|
Grënnung: | 1996 |
Genre: | Britpop, Pop-Rock |
Website: | http://www.coldplay.com/ |
Memberen | |
Gesank, Gittar, Piano, Arrangement: |
Chris Martin |
Lead-Gittar: | Jonny Buckland |
Batterie: | Will Champion |
Bass: | Guy Berryman |
Coldplay sinn eng englesch Britpop/Pop-Rock-Grupp, déi aus Chris Martin, Jonny Buckland, Will Champion a Guy Berryman besteet. Coldplay gehéiren am Moment zu deene Rockgruppe mam gréisste Succès an der Welt.
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Geschicht
De Martin, de Berryman, de Buckland an de Champion hu sech als Studenten am University College London kennegeléiert an hunn am September 1996 d' Grupp Coldplay gegrënnt. De Martin huet antik Geschicht studéiert, de Berryman fir d'éischt Ingenieurswëssenschaften a spéider Architektur, de Buckland Mathematik an Astronomie an de Champion Anthropologie.
Den éischten Album Parachutes gouf direkt e kommerzielle Succés. Parachutes war fir de Mercury Music Preis (2000) nominéiert an huet 2001 e Grammy gewonn. Den Album gouf international méi wéi 8 Millioune mol verkaaft.
Den zweeten Album A Rush of Blood to the Head hat méi rockeg Elementer a war och méi intellektuell wéi den Debutalbum. E war och kommerziell méi erfollegräich a konnt d'Kritiker iwwerzeegen. Dësen Album krut zwee Grammyen: Een an der Kategorie "Best Alternative Album" an een als "Best Song" fir In my Place. E war Nummer 1 an den däitschen a briteschen Charts. An den USA war e Nummer 5. Vun dësem Album goufen iwwer 12 Millioune verkaaft.
Mat X&Y, dem drëtte Studioalbum, konnte Coldplay un den Erfolleg vun den éischten zwee Alben uknäppen. Mat 8,3 Milliounen war e weltwäit dee meeschtverkaaften Album 2005. Mee och d'éischt Single Speed of Sound aus dësem Album war weltwäit e groussen Hit. Coldplay konnte sech domat an den Top-Ten vun den US-amerikanesche Billboard-Charts an an den Top 20 an Däitschland plazéieren an hunn den "MTV Europe Music Award" 2005 an der Kategorie Best Song fir Speed of Sound gewonnen. An dem Album X&Y ass och d'Lidd Talk ze fannen, dat vum Lidd Computer Love (Computerliebe) vu Kraftwerk inspiréiert gouf.
Den 2. Juli 2005 hu Coldplay beim Live 8-Konzert zu London gespillt. Ausser hiren eegene Lidder In My Place a Fix You hu se zesumme mam Richard Ashcroft Bitter Sweet Symphony vun The Verve gespillt.
[Änneren] Aktuelles
Den 1. Dezember 2006 gouf op der offizieller Website vu Coldplay bekannt ginn, dass un engem véierten Studioalbum geschafft gëtt. Als Co-Produzent gouf den Brian Eno bestätegt. Eng Verëffentlechung fir 2007 ass awer onwahrscheinlech. Dofir koum den 26. Mäerz 2007 eng Best-Of-Kompilation eraus.
[Änneren] Diskographie
[Änneren] Alben
- 2000: Parachutes
- 2002: A Rush of Blood to the Head
- 2003: Live 2003 (Live-Album)
- 2005: X&Y
- 2007: The Singles 1999-2006
- 2008: tba.
[Änneren] Singles
|
|
|
Vum Album Parachutes. |
|
Vum Album A Rush of Blood to the Head. |
|
Vum Album X&Y. |
[Änneren] EPs
- 1998: The Safety EP
(Limitéiert Oplo, nëmmen a Groussbritannien ze kaafen) - 1999: Brothers And Sisters
- 1999: The Blue Room EP
- 2000: Trouble – Norwegian Live EP
(Live-EP) - 2000: Acoustic
- 2000: Sparks
- 2001: Mince Spies EP
- 2003: Clocks
(och als Single)
[Änneren] DVDs
- Live 2003 (opgeholl am Sydney's Horden Pavillon)
[Änneren] Chartsplazéirungen
[Änneren] Singles
Joer | Titel | A | CH | D | F | FIN | GB | I | S | USA |
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
2000 | Shiver | - | - | - | - | - | 35 | - | - | - |
2000 | Yellow | - | - | - | 96 | - | 4 | - | - | 48 |
2000 | Don't Panic | - | 76 | - | 60 | - | 10 | 21 | - | 48 |
2001 | Trouble | - | - | - | - | - | 10 | 42 | - | - |
2002 | In My Place | - | 37 | 65 | 60 | 19 | 2 | 5 | 46 | - |
2002 | The Scientist | - | - | 87 | - | - | 10 | 22 | - | - |
2003 | Clocks | - | 84 | 50 | 65 | - | 9 | 22 | - | 29 |
2003 | God Put A Smile Upon Your Face | - | - | - | - | - | - | 58 | - | - |
2005 | Speed Of Sound | 23 | 22 | 19 | 42 | 34 | 2 | 4 | 3 | 8 |
2005 | Fix You | 58 | 53 | 65 | - | - | 4 | 17 | - | 59 |
2005 | Talk | 24 | 28 | 29 | 34 | 18 | 10 | 24 | 56 | 86 |
2006 | The Hardest Part | - | 44 | - | - | - | - | - | - |
[Änneren] Alben
Jahr | Titel | A | CH | D | F | FIN | GB | S | USA |
---|---|---|---|---|---|---|---|---|---|
2000 | Parachutes | 41 | 38 | 54 | 31 | 29 | 1 | 20 | 51 |
2002 | A Rush Of Blood To The Head | 10 | 1 | 1 | 4 | 4 | 1 | 5 | 5 |
2003 | Live 2003 (CD/DVD) | - | - | 34 | 26 | – | - | – | 13 |
2005 | X & Y | 1 | 1 | 1 | 1 | 1 | 1 | 1 | 1 |
[Änneren] Auszeechnungen
- New Musical Express Award 2001 fir Best Single: Yellow
- New Musical Express Award 2001 fir Best Artist
- New Musical Express Award 2001 fir Session of the Year (Radio 1)
- Q Award fir Best Album "A Rush Of Blood To The Head"
- Grammy 2002 fir Best Alternative Music Album: Parachutes
- Grammy 2003 fir Bester Rocksong einer Band: In My Place
- Grammy 2003 fir Best Alternative Album: A Rush Of Blood To The Head
- Grammy 2004 fir Record of the Year: Clocks
- MTV Europe Music Awards 2005 Kategorie Best UK/Irish-Act
- MTV Europe Music Awards 2005 Kategorie Best Song fir Speed Of Sound
- Brit Awards 2005 Kategorie Best Song fir Speed Of Sound
- Brit Awards 2005 Kategorie Best Album fir X&Y
- ECHO 2006 Kategorie Gruppe International
[Änneren] Literatur
- Martin Roach: Coldplay. Nobody Said It Was Easy. London 2003, ISBN 0-7119-9810-8.
- Alex Hannaford: Coldplay. 2006, ISBN 389602714X.
- Gary Spivack: Coldplay: Look at the Stars. 2004, ISBN 0743491963.
- Stephen Davis: Coldplay: In Our Words. 2004, ISBN 0316728616.