Comicline
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
D'Comicline asbl gouf am Januar 1999 ënnert dem Numm Cercle Comics asbl gegrënnt, fir och de Lëtzebuerger eng Ulafstell vun der 9. Konscht ze ginn. D'Grënner waren de Ronald Mordiconi an de Georges Lellinger.
De Veräi spezialiséiert sech net nëmmen op Comics mee beschäftegt sech och ausféierlech mat de Mangas, de frankobelsche BDen, esouwéi den Animes an den Zeechentrickfilmer.
Auteuren, Kënschtler oder Zeechner aus all Altersgrupp machen am Veräi mat, z.B.: Roger Leiner, Lucien Czuga, Marina Herber, Andy Genen, Claude Christ, Nathalie Tull, de Cartoonist Fern Weirich esouwéi de Balaban an de Carlo Schneider.
De Veräi versicht all Joer e Comicmagazin erauszebréngen an organiséiert (onregelméisseg) en eegene Comicfestival (Comicline = 2002-2005).
Den Titel vum Veräin " Cercle Comics asbl " gouf am Januar 2006 ëmgeännert an ass elo "Comicline asbl".
Leider konnt déi Emännerung vum Titel och net weiderhëllefen. D' Comicline asbl mécht Enn Januar 2007 seng Dieren zou. D' Websäit Comicportal get awer vum Ronald Mordiconi weider gefouert.