Congrès national (Belsch)
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
De Congrès national war déi éischt assemblée législative vun der Belsch.
Dëst éischt Parlament gouf den 3. November 1830 gewielt kuerz no der belscher Revolutioun.
Si gouf nom stéierleche Wahlrecht an nom capable Wahlrecht gewielt. Et haten ongeféier drëssegdausend Wieler hir Stëmm ofginn.
D'Parlament huet aus enger Chamber bestan.
De Congrès national huet déi Belsch Konstitutioun ausgeschafft, an huet als Regime d' Konstitutionell Monarchie gewielt.
Fir duerno den neie Kinnek vun de Belschen ze wielen ass am ganze véiermol afgestëmmt ginn, bis de Léopold vu Sachsen-Coburg-Saalfeld definitiv gewielt war.
De Louis vun Orléans, Herzog vun Nemours, war virdru gewielt ginn, mee deem säi Papp de Louis-Philippe I. war dergéint datt säi Jong sollt belsche Kinnek ginn.
Den Eugène Prënz vu Ligne den och gefrot gi war, hat dës Offer och net ugeholl. (Den Eugéne de Ligne war e Virgänger vum Antoine de Ligne, Mann vun der Prinzessin Alix vu Lëtzebuerg.)
Inhaltsverzeechnis |
[Änneren] Déi verschidde Walgäng
[Änneren] Éischte Walgang
- 1° Louis vun Orléans, (89 Stëmme vun 191)
- 2° August, Herzog vu Leuchtenberg (67 Stëmmen),
- 3° Charles-Louis Äerzherzog vun Éisträich (leschte General-Gouverneur vun den éisträicheschen Nidderlanden) (35 Stëmmen)
[Änneren] Zweete Walgang
Den zweete Walgang war den 3. Februar 1831 mat folgendem Resutat:
- 1° Louis vun Orléans, (97 Stëmme vun 192),
- 2° August vu Leuchtenberg (74 Stëmmen),
- 3° Charles-Louis vun Éisträich (21 Stëmmen).
[Änneren] Drëtte Walgang
Am drëtte Walgang gouf e provisoresch Regent bestëmmt.
Doduerch gouf de Barong Érasme-Louis Surlet de Chokier fir eng kuerz Zäit den éischten offizielle Regent vun der Belsch.
[Änneren] Véierte Walgang
Am véierte Walgang de 4. Juni 1831 gouf definitiv de Léopold vu Sachsen-Coburg-Saalfeld deen op d'Kroun vu Griicheland verzicht hat, als Kinnek gewielt.
Den 9. Juni 1831, huet de Congrès national den Traité vun den XVIII Artikelen ugeholl.
Den 29. August 1831, gouf de Congrès national opgeléist an duerch de frësch gewielte Parlement fédéral belge ersat.
[Änneren] D'Lëtzebuerger am Congrès national
- Distrikt Arlon
- Distrikt Bastogne
- Hubert Masbourg
- Distrikt Dikrech
- Distrikt Gréiwemaacher
- Pierre-Ernest Dams
- Jacques Martigny
- Distrikt Lëtzebuerg (ouni Stad Lëtzebuerg)
- Louis Fendius (gouf méi spéit duerch den André Biver ersat)
- Jean-Baptiste Roeser
- Jean-Baptiste Thorn
- Distrikt Marche
- Jean-Théodore-Hubert Jacques
- Armand Thonus
- Distrikt Neufchâteau
- Bernard Marlet
- Léopold Zoude
- Distrikt Virton
- Emmanuel François
- Edouard d'Huart