Crystal Palace FC
Vu Wikipedia, der fräier Enzyklopedie.
![]() |
Dëse Sportsartikel ass eréischt just eng Skizz. Wann der méi iwwer dëst Thema wësst, sidd der häerzlech invitéiert aus dëse puer Sätz e richtegen Artikel ze schreiwen. Wann dir Hëllef braucht beim Schreiwen, da luusst bis an d'FAQ eran. |
Crystal Palace FC (Spëtznumm The Eagles) ass en englesche Foussballveräin am Südoste vu London. Déi 1. Härenequippe spillt an der Saison 2006/07 am Football League Championship, der zweethéchster Spillklass am englesche Liga System. De Veräi spillt seng Heemspiller am Selhurst Park Stadion.
De Veräin gouf 1905 gegrënnt. 1969 si si fier d'éischt an hierer Geschicht an d'First Division, deemools déi héchste Spillklass vum englesche Foussball, opgestigen. 1991 ware si um Enn vun der Saison op der 3. Plaz am englesche Foussballchampionnat, wat bis ewell hier bescht Positioun ass. Hier beschte Leeschtung am FA Cup koum 1990, wou si et bis an d'Finall gepackt haten.